Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Marble Canyon

 
Marble Canyon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.07.2015
  • Gekuckt:
    19423
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    50
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    1201 KB
  • Originaldatum:
    2015:06:25 10:39:00
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ & ND Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=83597]
Kommentar vum Fotograf:
Heiriwwer fënnt een online net esou ganz vill, trotzdem si mer dohi gefuer fir genee dës Plaz ze fannen, am Kootenay Park a British Columbia, Canada. Et ass impressionant wéi d'Waasser duerch d'Fielse fléisst.
Pit 09.07.2015 - 12:33
Wow, do gesait et awer geil aus. Déi verschidden Farwen vun den Fielsen am Kontrast zu dem Gréngs gefalen mir immens gudd. An dann och nach d'Wasser wat duerch déi Schlucht leeft.
Johny 09.07.2015 - 15:16
Merci. Do ass och näischt verfälscht, déi Faarwe ware wierklech esou.
OK-Photography 09.07.2015 - 14:08
herrlecht Steck Natur! bigsmile
Johny 09.07.2015 - 15:17
Allerdings. Du gleefs net wéi genervt d'Lydie war dass ech sou lues viru komm si mam Stativ tongue
OK-Photography 09.07.2015 - 16:17
hehehehe kann ech mer virstellen, ech mengen ech hätt do einfach mol main Zelt ausgepaakt... tongue
notéiren mer op allefall mol flaissech d'Locations....cool
Johny 09.07.2015 - 16:20
Ech kann der herno och déi fäerdeg Lëscht gi mat alle Locations tongue
pixelman 09.07.2015 - 15:26
Gefällt mer ganz gut, wéi wann di 2 Seiten géifen anneneen faalen.
Metalbambi 09.07.2015 - 17:48
Bëssen meckeren muss ech awer och... D'Waasser an den ënneschten Deel gefalen mer richteg gutt, mee déi 2 grouss Beem virum Himmel gesinn en bëssen no HDR aus. Wanns de do eng Grëtz méi Kontrast dran léiss gesäit et menger Meenung no besser aus. ...sou ob den 2ten Bléck och ob der rietser Fielswand an dem ganzen Bësch...
Johny 09.07.2015 - 18:04
Also ech hunn op dëser Plaz vill verschidde Beliichtunge gemaach, awer dës Foto ass just eng eenzeg Foto mat Schierter opgehellt an hell Beräicher ofgedonkelt. Dat mol virop smile

Trotzdeem weess ech wat s de mengs dass et deelweis zevill no HDR ausgesäit, ass och dat wat ech drun auszesetzen hunn, mee di mech schwéier se sou ze verschaffen dass dat besser gëtt.
Metalbambi 09.07.2015 - 23:34
Ech maachen et alt, dat wann ech an eng Richtung net sou wierklech weider kommen, ech eng ganz aner, géigesätzlech, probéieren. Do kommen deelweis dann zimlech cool Resultater raus.
Ech hunn se lo mol mat en bëssen ofdäischteren an méi Kontrast probéiert, an dat gesäit schonn net sou schlecht aus. Mat en bëssen Finetuning misst dat eigentlech en gäilt Resultat bréngen.
Johny 09.07.2015 - 23:39
Heiansdo blockéiert ee sech och einfach selwer e bëssen, denken waarden e puer Deeg a probéieren dann nach eng Kéier.
Jean-Jos 09.07.2015 - 23:02
Great pic!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 436 Gäscht online