Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Oni ze zecken

 
Oni ze zecken
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.07.2015
  • Gekuckt:
    12632
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1485x1000
  • Späicherplaz:
    1103 KB
  • Originaldatum:
    2015:07:08 17:06:13
  • Fotoapparat:
    Sony SLT-A65
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    Sigma 70mm 1:2,8 DG Macro
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83595]
Kommentar vum Fotograf:
hun ech se geknipst, e ganz träge Macro Modell, deem mer all am léifsten net begéinen.
Nicon07 08.07.2015 - 20:50
Di do hat awer gudd Zäit, eppes ze suckelen! closed_eye

MsJarryman 09.07.2015 - 13:54
Dat sees de gutt, ech hat se net direkt entdeckt smile
ornitho 09.07.2015 - 08:07
en Deier wat hätt net missten virkommen an da Natur ! anscheinend kennen dei Viecher 7 Joer iwerliewen ouni Nahrungsopnahm, sin immens Resitent ! trotzdem flotten Macro !
MsJarryman 09.07.2015 - 14:01
Jo, déi Doten brauch keen, mee et gëtt déer Déiercher nach esou. Merci fir däi Komment. Déi, an't Schlecken, dat sin déi eenzeg déi ech an't Këscht kréien, déi aner si mer all ze schnell bigsmile
Jacques 09.07.2015 - 13:05
Dat ass en "Gemeiner Holzbock" (Ixodes ricinus).
Gehéiert zur Famill vun den "Schildzecken" (Ixodidae)
D'Liewenserwardung léit zweschen 2 an 3 Joer.

Gefällt MsJ smile
gemu 09.07.2015 - 13:15
firwat get et keng Eintagszecken, oder besser nach Halbtagszecken ? closed_eye
Jacques 09.07.2015 - 13:19
bigsmile Dat wär optimal Georges, mee dann hätte mer jo neischt fir eis opzereegen closed_eye
MsJarryman 09.07.2015 - 14:02
bigsmile
MsJarryman 09.07.2015 - 19:12
bigsmile
MsJarryman 10.07.2015 - 20:58
Merci Jacques fir däin Kommentar an och d'Info. Elo ass nees Zäit vun deene Plogeschter, d'Kaz gëtt all Dag ënnert d'Lupp geholl, an da kritt een halt esou Motiver virun d'Lens. Et kéint e bësschen méi Déifteschäerft dra sin, et war och net ganz hell deen Dag, ech hu probéiert ze blëtzen an och mat enger Rengluucht et versicht, et sollt esou net klappen. Benotz Du e Bletz, deng Biller sin jo ëmmer esou ëtonguepes vu perfekt a super ausgeliicht smile
Jacques 27.07.2015 - 12:15
Jo et sin Plogeschtersmile
Nee, ech benotzen nie en Bletz. Ech fannen dann ass d'Belichtung zevill kenstlech an du kriss och nach Reflexiounen dran wat mer guer net gefällt! Am beschten ass et jo moies fréi oder owes d'Fotoen ze machen. Vill vun mengen Biller fléien awer direkt an d'Poubell well d'Beliichtung net stemmtsmile
gemu 09.07.2015 - 13:16
Ganz interssanten Makro, esou kann ech di Biester mol aus sécherer Distanz kucken, an durno schnell an Toilette domadden, ech mengen awer elo net deng Foto closed_eye
MsJarryman 10.07.2015 - 21:03
Villmols Merci Gemu, jo, déi sin just do fir ze emmerdéieren smile
marker 12.07.2015 - 11:58
..e richtege Plogeescht, ..awer exzellent gewisen MsJarryman, gefällt..!!
MsJarryman 13.07.2015 - 11:18
En decke Merci marker, ass emol en ongewinnten Sujet, deen de Shooting net iwwerlieft huet smile
Abacab 13.07.2015 - 10:32
Et fällt schwéier eng Foto ze kommentéieren mat engem Déier drop, wat een ëcklech, dégoutant an ëllen fënnt an dobäi och nach haast bis op d'Blutt....

trodzdeem, d'Foto ass der gelongen closed_eye
MsJarryman 13.07.2015 - 11:24
Merci Abacab, mee déi hei ass dach net eekeleg, et ass eng kleng sëlwereg Beauty, oder net ? bigsmile
De Flötonguep killt se, ech kann dat net.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 277 Gäscht online