Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

MB Meeting 27/06/2015 PART II

 
All Fotoen an dëser Serie:
43624 Thumbnail
43625 Thumbnail
43626 Thumbnail
43627 Thumbnail
MB Meeting 27/06/2015 PART II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.06.2015
  • Gekuckt:
    21021
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    27/06/2015
  • Fotoapparat:
    CANON 1DX
  • Objektiv:
    CANON 35MM
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83500]
Kommentar vum Fotograf:
Hei di zweet Serie aus dem WS vu gëschter.
Verbesserungsvirschléi sinn selbstverst. wëllkomm!

E grousse Merci un M-Biker an un d'Organisateuren fir hiren Asaz. Et war en interessanten a léierräichen Owend!
Sutebe 28.06.2015 - 18:37
Huert eppes vun werbefotoen.. gefallen me gut an stellen me se mat Logo an text zu iergentwelchen Produkter fier.. smile

Zu de ausso mat den vierschlei.. Bei de eichter an dei lecht wier en zweeten bletz vun riets net schlecht gewiecht fier dei stuark schiertter en bessen ze reduzieren..

An bei de zweeter keint den cadrag fleit anecht sin.. mei metteg oder mei stuark no lenks .. hei wierkt et et sou hallef hallef..

Am groussen ganzen awer flott an proper
Abacab 29.06.2015 - 14:00
Villmools merci Sutebe fir däi Kommentar an deng Analyse!

Hat dat och esou geduercht mat den starken Schieter, dofir hat ech extra en zweete Blëtz matgeschleeft, deen awer leider direkt am Ufank de Geescht opginn huet.

Anerwaerts ass dem gloda säin Kommentar an dem Sënn och ganz interessant...

Dat mam Cadrage probéieren ech da mol
ornitho 28.06.2015 - 19:58
Och härrlech dess heiten Serie op da Moundlandschaft, Numero Uno ass wieklech Cover reif vir op e Magazin !
Abacab 29.06.2015 - 14:01
Merci ornitho, et geet awer näischt iwwert e gudden Assistent closed_eye
ornitho 30.06.2015 - 07:18
wei woret, ech soll Lichten an net.... bigsmile
Abacab 30.06.2015 - 13:39
....kohlen bigsmile bigsmile
ornitho 30.06.2015 - 13:42
bigsmile
gloda 29.06.2015 - 10:28
Gudd beliicht, bei der éischter Foto klappt d'Luucht mengen ech am beschten an du hues den Fait dass de eng grouss Liichtquell has gudd genotzt. En zweete Blëtz hätt d'Saach fir mech éischter méi schlecht gemaach well s de dann de flotte Schiet deen de Biker werft auswäschs.
Abacab 29.06.2015 - 14:11
Merci gloda fir däi Kommentar an Analyse!

Effektiv elo no deems de dat mam Schiert gesot hues , fannen ech och dass dat d'Foto méi interessant mecht...

Et war op alle Fall eng interessant Erfahrung!
Sutebe 29.06.2015 - 16:23
Also wanns de den zweeten schierd esou setz dass den schiert um biker verschwend an deen um buerdem bleift wier jo dann Optimal smile
jorsch 29.06.2015 - 16:21
Och eng super Serie!
Wann de Mount net selwer um Bild wier da kéint ee mengen do géif um Mount gefuer ginn. smile
D'Liichtverhältnisser ( Blëtz op däischterem HG. ) schaafen eng ganz besonnesch Stëmmung.
Déi puer Bamspëtzten huelen een erëm op d'Äerd zréck, si stéieren mech awer net.
Abacab 29.06.2015 - 17:15
Merci jorsch,

et war um Mount, wat'ste do am Hannergrond gesäis ass d'Äert bigsmile

D'Bamspëtzen gefale mer wëll se d'Héicht vum Site ënnersträichen
Paul-H 29.06.2015 - 17:38
Ech fannen des Serie besser wéi déi éischt. Wahrscheinlech wéinst der Stemmung. Super.
Abacab 29.06.2015 - 18:29
Merci Paul-H,

mer gefält se och bësser closed_eye

obschonn di eischt Serie vill méi schwéier ze knipse war...
gemu 30.06.2015 - 09:48
Herrlech aussergewéinlech flott Biller
Abacab 30.06.2015 - 13:47
Merci villmools Georges!
Pit 03.07.2015 - 18:23
Flott verschafften Biller, mee pass op, dass de net zevil blo an giel mes, soss well DP déi nach fir eng Pub...smile
Abacab 03.07.2015 - 19:02
Merci Pit,

fir déi gesinn ech kee Liicht méih um Enn vum Tunnel bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 326 Gäscht online