Kommentar vum Fotograf:
Virun e puer Wochen am Mëllerdall gemat, et war leider fuerchtbar kaal an zimlech ustrengend well ech net am Waasser war, mä den Fotoapparat mam Stativ an d Waasser gestallt hunn, an méi oder manner blann geknipst hunn. No enger klenger Stonn hunn ech opginn. Ech ginn awer gären nach emol dohin fir d Thema weider auszeschöpfen :)
Déi länger Beliichtungszäiten hunn mer gefall, ech wollt dat nach ausbauen hat awer dunn keng Loscht an Zäit méi d geheis dreschen ze maan, op ze maan, filter drop an rëm alles zou ze maan. sou dat ech just bis 1-2 Sekonnen konnt goen ouni iwwer ze beliichten.