Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tour de Luxembourg

 
All Fotoen an dëser Serie:
43457 Thumbnail
43458 Thumbnail
43459 Thumbnail
43460 Thumbnail
43461 Thumbnail
Tour de Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.06.2015
  • Gekuckt:
    32146
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    04/06/2015
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83280]
Kommentar vum Fotograf:
Meng éischt "Matzéiher" Fotoen, et ass guer net evident !!
Zora 05.06.2015 - 13:02
Wow déi Serie ass super gelongen!
Paul-H 05.06.2015 - 13:22
Oh? Daat freet mech. A Merci och fir de Fav. Zora.
gtaddei1 05.06.2015 - 18:40
nee guer net evident
Abacab 05.06.2015 - 21:59
Ech hunn et probéiert, a kann nëmmen soen: et ass guer net evident!
Dofir Respekt fir deng Serie!

Paul-H 06.06.2015 - 10:31
Merci Abacap.
Jean-Jos 06.06.2015 - 10:04
Déi 3. ass ganz gutt.
Paul-H 06.06.2015 - 10:32
Et ass secher déi wou am schaarfsten ass, jo. Merci Jean-Jos.
Jean-Jos 06.06.2015 - 22:49
d'Schäerft mécht do vill aus bei engem Matzéier
ech praktizéieren dat zimmlech regelmässeg an d'Erfollegsquot läit bei nëmmen e puer Prozent trotz exercice smile
Sammler 06.06.2015 - 11:19
Probeier mol deng Metadaten önner deng Fotoen ze setzen
dann kann een der Tipps gin fir et besser ze machen
Paul-H 06.06.2015 - 11:47
Daat geet jo net automatesch bei enger Serie, dofir dann hei als Text:

1. F20 1/40s 52mm
2. F22 1/30s 46mm
3. F22 1/30s 52mm
4. F20 1/40s 52mm
5. F22 1/30s 46mm
Alleguer ISO100

Hun entgéint deem wéi ech soss emmer schaffen net komplett op Manuell gesaat mee op Zäitfirwal, d'Blend ass also automatesch vum Apparat gewielt gin.

Am Viraus Merci fir d'Tipps.
Sammler 06.06.2015 - 17:00
ech fueren am Allgemengen mat 1/100 dann kriss de och eng aner Blend an doduerch göt den Hannergron manner scharf , dann stëcht den Sujet mei raus
Paul-H 06.06.2015 - 17:04
Ass jo och daat waat de Fränk proposéiert. An daat mat der Blend an der Hannergrondschärft liicht mer lo natirlech och an, hun mol net sou wäit geduecht. Och Dir e groussen Merci.
Sammler 06.06.2015 - 17:06
gär geschitt smile)))
Jean-Jos 06.06.2015 - 22:57
dat hänkt awer ganz dovunner of wat's du"'matzitt's "
am allgemengen solls de dech der Vitesse vum 'Sujet' eng Grimmel upassen: eng 30tel, eng 50tel sin do oft méi adapteert, awer evidenterweis ass den Offall méi grouss,
micky-maus 06.06.2015 - 23:08
Ech maachen immens vill Matzeiher ann den Dreih elo eraus. Meng Erfahrung ass:
Ongeübt mat max. 1/100 egal ewi lues den Sujet ass. Ereicht wann een Gefill kritt 1/80 oder 1/50. Ech perseinlech schaffen net mat der Vitesse Regel, awer passen meng Zait der Brennwait unn. Steht zwar ann kengem Tutorial, ass awer eng Gefillssaach dei ech mat der Zait kritt hunn..... closed_eye
Den Sujet ass nemmen dann 100% schäerf wann deen 90 Grad zur Lens ass, soss huet een hannen oder fier Bewegungsonschäerft.
Wann den Velo also nach entgeint kennt mecht ett nach net vill Senn een Matzeiher ze maachen. Doweinst ass dei 3. Foto hei gudd ginn awer dei aaner, menger Mehnung noo, net esou gudd.

Jean-Jos 07.06.2015 - 10:31
de Wénkel spillt quasi d'Haaptroll genau
Paul-H 06.06.2015 - 23:10
Hun ech och gelies: Beliichtungszäit = ca. vitesse vum motiv. Gesin awer och an dass den Oofstand zum Motiv resp. Brennwäit och eng Roll spillt.
micky-maus 06.06.2015 - 12:18
Moin Paul,
Deng 1. Versich sinn guer net mol esou schlecht, awer Deng Verschlusszaiten bei 50 mm sinn vill ze laang. Waat Brennwait mei grouss ass, waat Verschlusszait meih laang kann sinn.
Bei 50 mm kanns Du roueg eng Verschlusszait bei ca. 1/120 sek probeieren. Mat vill übung evt 1/60. Doo ass den Hannergrond nach genuch verwescht ann Dain Motif gett vill mei schäerf.
Kuck z.B.:MATCHBOX

dei 3. ass alledings gudd ginn.
Stell Serienfotoen (Esou schnell ewei meiglech) ann maach direckt 4 Fotoen beieneen, doo ass meeschtens dei ann der Mett gudd, well denn Fotoapparat verzitt emmer bessi noo ennen beim Ausleiser drecken, ann no uewen beim lassloosen.
Stell Dain Focuspkt op eng Plaatz ann mat Focusweiterführung (am Menü eraussiichen) ann haal deen Pkt emmer op der selwechter Plaatz. zb. den Reckspiggel beim Auto,Motorrad oder den Helm vumm Coureur.
Fir den Rescht übenübenüben, am beschten stell Dech bei Stroos ann fotogafeier einfach Autoen einfach esou fier Deng Astellungen ze testen. Dann klappt daat.....
Paul-H 06.06.2015 - 14:34
Villmols Merci Fränk. Ech haat zimlech spontan décidéiert den TdL ze knipsen well en mol rem duerch eist Duerf gefuer ass an hun virdrun "en vitesse" e puer Tips gelies. Déi soen all baal daat waats Du och sees an ech hun et och sou gemaach. Inklusiv schnellem Serienmodus, mee daat war mir virdrun schon kloer.
Waat ech lo awer réischt hei vun Dir gewuer gin sin ass daat mat der Vitesse a Brennwäit. Daat wärt ech dann mol nach üben an dann waarden mer op den "Ironman". Deen kennt och hei duerch d'Duerf.
Merci nach eng Kéier.
micky-maus 06.06.2015 - 15:27
Ann hei nach een gudden Tutorial, onbedingt ganz kucken, ass alles gudd erklärt, och wei ett dono um Lightroom verschafft gett.

https://www.youtube.com/watch?v=DLg73cjMdvs
Paul-H 06.06.2015 - 23:13
Dann kukken ech mer daat mol un. Merci Fränk.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 267 Gäscht online