Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nee______Nee______NEE...

 
nee______Nee______NEE...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.06.2015
  • Gekuckt:
    22927
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1400x467
  • Späicherplaz:
    330 KB
  • Originaldatum:
    2014
  • Fotoapparat:
    Canon 1DX
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83259]
Kommentar vum Fotograf:
komm mer net ze no
soss kriss de eng an de Mo

sot mer d'Gäns
di aner Säit vun der Grenz

*****************************

Eng Sequenz vun enger Gäns aus dem Olimpia Park zu München di sech ëmmer méi opgereegt huet wat ech hier méi no komm sinn.
(Composing)
Schluck 03.06.2015 - 14:16
Hehe Marc, un dier ass een Dichter verlour gangen closed_eye Mengen éischter se wollt dech an den S..ck béissen bigsmile Flott Sequence, géif der jo soen un d'Mauer domatt mais do hänkt se jo schon closed_eye
Abacab 03.06.2015 - 16:17
Léiwer net an de S..ck bäissen
Soss kréien ech näischt méi ze räissen

Jo, de Pano hänkt un der Mauer
An dat gefält dem Bauer


Merci Schluck closed_eye
ornitho 03.06.2015 - 14:40
Excellent Dei Doten, Ausgedreckt hun Ech se navh besser fonnt ! Op Jiderfall Top ! En Dain Message ass 1A am Bild !
Abacab 03.06.2015 - 16:22
Villmools Merci ornitho! smile

Jo effekiv geséit d'Bild besser aus an senger Original Gréisst.

Hunn et vun iwwer 8000px op 1400px verklengert, an och beim verklengeren leit d'Qualitéit drënner unhappy
bensphotography 03.06.2015 - 14:40
Flott Compositioun. erennert mech bessen un dei 4 Aafen smile
Abacab 03.06.2015 - 16:26
Merci Ben,
jo hunn dat och schonns vun Anerer gesot kritt
dass et un d'Bild mat deenen 3 Afen erënnert,
op schonn et eppes ganz Aneres ass smile
Jean-Jos 03.06.2015 - 23:55
passt guer nët, wann et op e Sonnden gemënzt ass
wa nët, ass et eng intressant 'Studie'
Abacab 04.06.2015 - 07:42
Jean-Jos villmools merci fir däi Kommentar

Den original Titel vum Bild ass "objection"

Wollt awer fir hei op de Site en Titel op "lëtzebuerg"
an do hunn ech den "nee Nee NEE" ganz passend fonnt,

zemol eng Steigerung dran ze gesinn ass,

wat ech och esou empfonnt hunn wéi ech d'Foto gemat hunn.


Op et elo op deen nächsten Sonndeg passt ass jidderengem selwer iwwerlooss
an och eng Diskussioun di NET hei hinner passt!

Mee en "jo Joo JOO" hätt definitiv net bei mäi Bild gepasst closed_eye



Jean-Jos 04.06.2015 - 22:57
et gëtt jo och nach d'Variant jo, vläicht jo (a läschter Minutt an der Wahlkabinn décidéiert) a nee bigsmile
Abacab 05.06.2015 - 15:35
bigsmile
MsJarryman 04.06.2015 - 01:12
Definitif, déi gesinn super aus.
Abacab 04.06.2015 - 07:44
Villmools merci MsJarryman
Jeanny 04.06.2015 - 06:57
cool, has de den Hond derbäi, da behuelen se sech ëmmer esou verréckt smile
Abacab 04.06.2015 - 07:55
Merci Jeanny, de Mupp war zwar och dobäi mee wéit ewech closed_eye

Hu mech lues a lues un si eru gerobbt, a wat ech mee no komm sinn,
wat si sech méi opgereegt huet bigsmile
Pit 14.07.2015 - 10:02
Gerobbt ?, dann war den Arméidengscht jo awer fir eppes gudd smile
Abacab 14.07.2015 - 12:14
bigsmile bigsmile
jorsch 07.06.2015 - 10:22
Ganz flott Iddi an Ëmsetzung.
E kloere Message! smile
Abacab 09.06.2015 - 17:18
Villmools merci jorsch!

Hätt mer ni erwaard dass dest Bild esou vill Zoustëmmung géif fannen closed_eye
jorsch 09.06.2015 - 18:30
Si fält op wéinst hirer Orginalitéit!
Nathalie 16.06.2015 - 08:41
Einfach genial dei heiten Marc, do kennt engem Grinsen bigsmile
Abacab 17.06.2015 - 15:29
Merci villmools Nathalie bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 421 Gäscht online