Merci Laurent, dat freet mech wann se dem Fuussenexpert gefalen!!
Si schonn méi laang mat dëser Madame am gaangen...
Si huet de Moment Jonker a hält sech zur Zäit ëmmer an deem Eck op, bei d'Nascht kommen ech awer net, dat léit an engem däischteren Hang...
Merci villmools Georges
Nr. 3 a Nr. 5 kommen eff. bei de Léit am beschten eriwwer,
Nr. 1 an Nr. 4 gefale mer am beschten, an de Bléck vun Nr. 5 verzaubert mech
Deen eeschten Bléck op der éischter mat där kleng Méck an di véiert, sinn fir mech déi bescht! Natur Doko. pur! Déi een esou net oft gesäit!! Di aner wierken ewéi wann de Fuuss géing op dech waarden. Model Spillen!
Merci Conley fir däin Kommentar,
Eigentlech hunn ech bei der 1ter an der 4ter technesch gesinn di selwecht Meenung.
Wat di 5te betrëfft, do muss ech der soen, dass de Bléck an d'Mimik vun der Fuussemadame mech esou verzaubert, dass all aner Iwwerleeungen guer net méi gräifen
Du bas emmer nees gud vir eng Iwerraschung, an dei doten Serie ass einfach Herrlech unzekuken ! Meng 2 Favoriten, sin Bild 3 an 5, einfach groussarteg Opnahmen ! Einfach Natur Pur, Super geschafft !!!!
MbG.
Gianni
Daat do ass natiirlech grandios an do ass vill Gedold gefroot. Du hues d'Madame immens schéin agefaangen. 3 an 5 sin villeicht déi flottst mee ech fannen d'1 virun allem och interressant well ech do dovuner ausgin dass de eng zimlech déif Position has also wuel um Buedem loungs. Op alle Fall eng genial Serie.
Merci villmools Scyv76!
Gutt gesinn! Lung effektiv mat der P... an der nasser Wiss an hu mech lues a lues ëmmer méi no bei de Fuuss erugeschlach.
D'Objektiv huet just aus dem niddregen Gras eraus gekuckt