Dat hei ass eng Foto déi net jidderengem gefale muss, vum Sujet , der Stëmmung a vun der Veraarbechtung hir. Fir mech war et en Experiment.
Emsou méi freet ech mech wann se dech usprécht!
E besonnesche Merci och fir de Fav.!
Do gin Esh da recht Jorsch, an dat ass och vlait e problem bei Leit dei wieklech puristen an da Fotografie sen dei mei wert op (Blend,Iso,Zeit an Goldegen Schnett leen, an dann heuste dei anner Zort dei iwert verschieden Regeln eraus geht an esou Creatiounen mei ze schätzen wees, dat ass genau mein Gout, (generell deng Biller ) do ass eng Artistechoder am Bild dei en erem fennt.. Zum Bild selwer, dei Donkel Vigniette get engem gefill schon vun eppes mei bedrolechem am Bild, dobei den Effekt den Deiwt , Vittesse simulueiert, dann Kloer an Onkloer zugleich... genau de Richtegen Mix ! Emplus asset e Bild wat sech of hiewt vun anneren... Op Wochenfoto oder net, hoffen Leit erkennen de Potenzial heidranner..
Merci ornitho.
Wanns du am Bild dat erëmfënns wat ech och dra gesinn, wann et dech touchéiert a Gefiller an Assozationen ervirrifft, da sinn ech immens frou doriwwer! .. an da si Regelen niewesächlech.
Och deng schéi Beschreiwung huet mech gefreet.
P.S.: Gratulatioune fir d'verdéngte Wochefoto. Och dëst Foto ass méi wi en Naturportrait, si dréckt eng Stëmmung aus, rifft an der Fantasi aner Biller ervir ( Dänzerin ) a beschäftegt domat de Spectateur eng Zäitchen. An dann ass et e gutt Bild!
Een Technesch gelongenen minimalisteschen Wëscher, schwenk mat Zoom Effekt? Huelen ech mol einfach un! Déi wäiss Liichtsträifen ginn dem Bild eng schéin Dynamik déi duerch Vignette net aus dem Bild, oder echter ganz dezent aus dem Bild erauslafen. Gären méi esou Biller!!
Merci Conley, fir de Kommentar an de Fav.
Mat der Technik läis de richteg. De bestehenden Tunnelbléck wollt ech nach mat engem Wëscheffekt verstäerken. D'Iddi war am Kapp awer de Zoufall spillt hei och beim Resultat mat. Et huet een e Plang mee et kontrolléiert een net alles, dat fannen ech spannend!