Merci Sutebe a Maimonides fir äre Kommentar an är Ureegungen.
Hei meng Iwwerleeungen:
1) Ech hunn d'Bild am SW ausprobéiert. Mir huet di heite Versioun besser gefall wéinst dem Kontrast vum dezente Gréngtoun an de Fënsteren mat dem waarme Toun op de Sailen.
2) D'Spijelung sollt en zousätzleche Reizpunkt duerstellen, ouni deen d'Bild just aus vertikalen an horizontale Linne besteet. Ech hat gemengt et wier doduerch méi spannend.
Mä ech si frou aner Meenungen ze héieren an ech wäert mol probéieren, d'Spijelung ewechzestempelen fir ze kucke wat dat gëtt.
Gif sohen dass se ouni spigelung fier et mat dem FraSi sengen wierder et ze sohen mei grafesch wierkt Gif dei 4 fensteren wou d'spigelung ze erkennen ass einfach mat 4 Layeren vun fensteren ouni zwee hellegkeetsstuffen iwerdecken .. Den ganzen lenken block deen mei hell ass dann mat enger mask eenzel an de hellegkeet unpassen an gut ass 5 min arbecht
Ah, ech gesinn, du has schonns ähnlech Iddien! Bei dir gefält mir di 5. besonnsch gutt, si ass scho bal abstarkt.
Merci Jean-Jos fir de Kommentar an d'Weise vun denge Biller!