Sympathesch datt s de eis d"'Mise en Scène" verréits!
Eng Organisation per Handy hätt ech do lo net vermut.
Schued eigentlech datt een sech bei schéine Fotoen haut ëmmer froe muss op d'Bild bei der Opnahm oder duerno net manipuléiert ginn ass an een se net einfach an naiv genéisse kann.
Merci Jorsch. Ganz vill Concoursfoto'en aus Asien gi an organiséiert Sessiounen a Workshopen realiséiert. Ech hu dat selwer erlieft. Op Java war ech ee Weekend mat an ee Groupe vu ronn 50 Fotografen ënnerwee, Lodging an ee Vakanzenressort, Iessen, Modeller, Mise en scene, all Inklusive, gesponsert vun enger Filmmark... bei dem hei Foto a China war ech an ee Jury an di Sessioun do war extra fir d'Juroren organiséiert...