Hunn och eng d300s, ann doo ass gaaanz vill mei dran fier Fotoen ze maachen.
Leider sinn op deser Opnahm alleguerten dei Uufängerfehler dran dei een bal nemmen maachen kann.
Fier den Schlagschied riets ze vermeiden onbedingt mat externem Bletz indirekt Bletzen. Hei ass mat dem intigreiertem Bletz geschafft ginn. Doweinst och dei roud Aaen. Dei verschwannen ganz mat indirektem Bletz Rischtung Plafong.
Kuck och hei, besser erklärt: https://www.youtube.com/watch?v=WN9qIXAT1Nc
Foto ass net schäerf. Bei esou Fotoen den Autofocus NIE op Automatick stellen awer den Schalter lenks ennen op "S" stellen, ann deen klengen Dreihschalter(Zw. LV an Info) ant Mett. D'Aaen schäerfstellen biss ett piepst, Knächen gedreckt haalen bis gudd cadreiert ass ann ausleisen. Dann misst ett och mat der Schäerft klappen.
Kuck hei, ganz interessant ann gudd erklärt:
Hoffen bessi kennen ze hellefen, kuck Du Dier d'Videoen mol unn. Wann Froen doo sinn einfach op äntworten klicken ann schreiwen. Hei sinn opallefall vill Leit dei kennen hellefen.
daat do ass genau daat waat ech op sou Workshops haassen --> daat rondrëmgeknips wann een 'nët un der Reih ass'.
ausser datt een méih wéitwenklech probéiert en 'making of' ze machen (ouni Blëtz .... fir d'Model an Fotograf nët ze stéiren!) - ass bei sou Geschichten nach nie eppes Gescheits un Foto rauskomm.
joah, ass bessi schwirig ze managen wann se all matneen wellen lassleen. Do kann een nach sou gudd Technik um Start hunn, wann een keen Bletz huet, ass duerno d'Resultat net gudd. -> dei Foto hei ass mam built-in flash gemaach, do hat den Studio naischt dermat ze dinn - an jopp, eis Erklärungen sinn leider hei net emgesaat ginn.
Allerdings muss ech soen dass mer ganz wuel brauchbar Fotoen gemaach hunn, dei heiten zwou wuel maximal schlecht gewielt sinn.
Wéis du sees, ass et wuel besser dann een propperen Making-of ze maachen.
Ech hoffen et lueden nach puer aner Lait hier méi gelongen Fotoen rop, ech fir main Deel sinn mol net dozou komm eng eenzig Foto ze maachen.
ech glewen datt gudd Fotoen am Cours rauskomm sinn (an verstinn nët firwat grad die hei - an nët déi wou mam Studioblëtz gemach ginn sen vun him gewisen ginn) - mais mech nervt ët einfach nëmmen wann der an der Grupp sen déi sech nët un d'Spillregelen halen. sou Sachen weisen keen Respekt vis-à-vis vun den aneren Participants - an virun allem och nët vis-à-vis vum Model. meeschtens sinn ët jo Models mat wéinig Erfahrung déi duerch sou Geschichten immens ofgelenkt an och veronsëchert ginn. daat brengt Kengem eppes
menger Ansicht no gët ët do nëmmen Solutioun datt wierklech d'Knips an den Eck geluecht muss ginn bis datt een selwer un der Reih ass ze shooten.
Nuu bon, mengen hei hunn ech eppes falsch verstaan....
Esou ewei ett ausgesait sinn dei Saachen joo schon alles erklärt ginn op dem W.S., dei ech hei ennen drenner versiicht haat ze schreiwen....
Apropos making of: Workshop zu Jonglenster
Awer ouni Bletz ann während enger Paus Ann ech muss Dier doo 100% Recht ginn.
jop, wier wuel dei beschten Léisung - allerdings: mir hunn eis beim Workshop drop konzentreiert wéi een alles opriicht an wéi een dann domat schafft - mettes den "Praxisdeel" war just geduercht fir bessi ze gesinn wei dat dann lo an der Realiteit funktionneiert, et ass kloer dass dat net een "shooting" am eischten Senn vum Wuert kann ginn. (DEN kann een jo zu all Zait alleng an fir sech plangen, mam Wessen wat een vum Workshop aus matbrengt)
Merci micky-maus fir d'Erklärungen! sinn ongeféier dat wat mir och duerchgeholl hunn an ech sinn frou ze gesinn dass de der d'Arbecht mess dat sou am Detail ze erklären!
Ech noteiren mer fir den nächsten Workshop dann dat hei Gerät
...net opreegen
@EssEmm: ech gin der an engem Punkt Recht: daat Gewusels an wëllt erëmgeknips as zum Deel ustrengend, et war aber och lo net esou schlëmm dass ech deen Daag näischt hät kennen bäiléieren...
@Oli: Merci fir deen Workshop, an: Richteg, et waer ganz flott wann een e propperen "making of" géing maachen.
@ Micky-maus: ech fannen et gudd, dass de op eng konstruktiv Art a Weis op Fehleren hiweis, an via Links Verbesserungs-tutorials opweis, ech sin daer Meenung, dass des Säit d'Leit soll motivéieren gudd Foto'en ze maachen, an sech ze verbesseren...
an deem Sënn, schéinen Daag fir Iech all,
nda