Mär gefällt et besonnesch gudd, dass déi Villercher do ronderem fléien, an et sinn och schéin roueg Faarwen. Ech weess net, ob et ee Grond hat, dass de d'Foto lénks ofgeschnidden hues? Mee mär ass dowéinst elo d'Bréck lénks zevill ofgeschnidden, ech géif se mengen ech léiwer ganz gesinn.
Merci Gwendoline fir Däin Intérêt
Et ginn 2 Grënn firwaat ech d'Bild sou geschnidden hun
Éischtens wollt ech et genausou wi dem Monet säi Bild,
zweetens ass d'Bréck do färdeg a stéisst widder eng Mauer, si ass nämlech net symetresch
Merci Gennaro
D'Hannerland vu Ventmiglio a Ligurien ass wierklech e klenge Bijou, ech hun do direkt missen un Dech denken, och wann et net Deng Gebuertsregioun ass