E flotte Sujet wou een sëch bestëmmt kéint laang ameséieren.5 gefällt mer am Beschten.Am Intérêt vun der Série hätt Ech vlaicht gekuckt fir
ëmmer den nemmlechten Hellegkeetwert fir d'Maueren anzestellen.
Merci! Effektiv hätt ech kéinten d'Hellegkeetswerter upassen, mais dat hun ech elo net direkt als absolut Prioritéit gesin. Et goung mir hei éischter ëm de Message. Sollt ech di Fotoen do eempl op Pabeier zéien, da muss ech se souwisou nach ee gudd Stéck méi verschaffen.
Merci! D' N° 5 ass effektiv eloquent.
Och wa bei mir de Cadrage ëmmer gewollt ass, sou ass en dach hei zum Deel och vun der Realitéit virgin. Bei der N°4 z.B. war di rechts Koppel grad am gaane weider ze goen wéi ech ofgedréckt hun. Dodurch hun ech matgezunn an di Koppel lénks war dunn ongewollt am Kader ugeschnidden. A well ech eben och wollt ee Wénk gin un dem däitsche Justizminister säi Gesetzesprojet zur Fotografie am öffentléche Raum an zum Persouneschutz, hun ech dunn d'Fra rechts, där hiert gesiicht een am Profil gesäit, net "geblured", wéi op deenen aanere Biller, mais ugeschnidde, fir eng Äntwert op déi lénks Koppel ze gin.
Dat ass effektiv heiansdo méi interessnt, d'Leit ze kucken (an ze knipse), wéi di modern Biller an Installatiounen, déi do ausgestallt sin.Mais et muss een awer oppassen, well iwwerall gëtt ee gekuckt vun de "Giichtercher", déi een och alt mol zurechtweisen. Besonnesch am Raum vum Georg Baselitz sin ech ugegranzt gin, well ech anscheinend engem Bild ze no komm sin. Et gëtt ëmmer méi absurd. Leit di mat Smartphones geknipst hu, si mat Rou gelooss gin, an ech mat der D600 am Quietmodus si schief bekuckt gin. Muss ech dirause schléissen, datt wann ee mat enger seriöer Kamera an engem Musée knippst, een dat zu kommerziellen Zwecker mécht, an ee mat engem Telefon, dat just fir de perséineléche Souvenir? Hoffentléch ass d'Welt nët sou bipolar gestréckt...
Merci!
Genau, déi seet alles... Woubäi! Modern Konscht ass bal ëmmer mat Kapprëselen an un d'Stir fueren empfaange gin, bis se no e puer Joerzingten etabléiert war. Dofir: alles gët gudd. De Kirchner ass jo schon am Himmel vun de grousse Künstler ukomm, also...
Ech hat mol zu Dikkréch een Ed.art.-Prof, deen och Filmer gedréint huet, , dee sot mol op engem Vernissage vun enger Ausstellung zu mir: "Hei ass et méi "Sehen und Gesehen werden" wi Biller kucken". Dat gëllt an engem gewësse Sënn och fir d'Leit hei an der Pinakothéik. Do sin d'Leit, déi - ech ka mir virstellen, scho mat virgefaassten negative Meenungen zur moderner an zäitgenössescher Konscht an dee Musee kommen - an hire reaktiounen dacks méi interesssant, wéi di zweifellos absolut kuckeswert Ausstellungsobjeeë selwer.