Dat ass een Naturdokument an et gesäit een esou eng Situatioun
net all Daach,an fir mech ass dat faszinant nozekucken an och nach kënnen festzehalen
Vläicht een Verbesserungsvirschlach?
Dat géng mech interesséieren
....Wat huet den "Armen Thierry" mat der Foto ze din???
Ne ne ,hun schon alles richteg verstanen
Wollt just meng Meenung zu dem sexisteschen Bild do äußeren
Mir schwëtzen jo hei iwwert Foto an net iwwert Fantasien
déi irgend een huet wann en dat Bild do gesäit
Verbesserungsfierschlag ?
De Mann soll den A**** a Bewegung setzen an senger Mme epes z'iessen organiseieren, dann keim hien vlt besser eweg.
Phototeschnech : super Doku vun epes rarem, wou ech mol net wosst dat et hei am Land geschitt.
Schuet as, dat den Hannergronnt den Sujet net wierklech erfierhierft mais eichter dran ersëft. Leider as do net vill ze machen well alles aus gieltein besteht, Sujet an Hannergronnd. Op der Plaatz selwer hätt een kennen t'Blend zou machen an mat Bletz schaffen, fier den Hannergronnd ofzedonkelen. Hun zoufälleg daat hei begeinnt um www :
(sichen sichen sichen....)
Keinnt mer fierstellen dat een saugut Resutater mat esouepes hinkritt, an evtl kann et et ganz einfach selwer bastelen.
t'Lichtschrank as am Fong den Ausleiser, et hëllt een de Sujet an t'Zang an soubaal den Sujet um Fokuspunkt as, leisst t'Lichtschrank aus. Einfach Technik...
Also ech wees net, en Nerz kann zum Beispill 8h laang ...
Nee, mengen dat geheiert elo net heihin, mais als Gottesanbeter, well ech bestemmt net erem kommen !
Merci Gaga fir däin Kommentar an deen interessanten Link
Also ech hätt net déi Gedold mat esou engem ganzen Haltesystem duerch
Wisen ze lafen wou jo déi meeschten Insekten zimmlech
wibbeleg sin an bei der geréngster Beweegung fortfléien.
Déi heiten Foto ass an der Owessonn geknippst an doduerch sin Faarwen
vun Sujet an Hg bal déi selwecht.
Ech hun elo mol nach eng aner verschafft déi ass bessen méi spéit entstanen do stung Sonn
grad déif genuch daß mäin Kierper Mantis an den Schiet gesat huet an dat get dann direkt eng
ganz aner Luucht wou den Hg den Sujet och besser erfierhierft.
Ech lueden déi elo mol erop, einfach nëmmen fir den Ënnerscheed ze weisen.