Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Martin

 
Martin
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.09.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.09.2014
  • Gekuckt:
    44104
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    269 KB
  • Originaldatum:
    2014:09:04 07:50:18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80292]
Kommentar vum Fotograf:
an der Moiesluucht. Schued dass een d'Flëmm héi angedriwwen kritt fir nach Fotoën vum Äisvull eropzelueden.
Kribs 09.09.2014 - 21:39
ganz denger Meenung: et huet een den Androck bei all Waasserpull gèif en Äisvull sëtzen.
Schluck 09.09.2014 - 21:52
Jo, mais sou ass ët awer nët .. ët ass een Sujet den nët einfach ass flott ze erwëschen.
Gaga 10.09.2014 - 22:42
betounung op "flott"... ganz genau!
wann awer wei emmer, jiddereen sech ze schuet as eng kritik ze schreiwen an seng mehnung dozou ze soen Schluck, wert et sech net änneren. En interessanten Sujet esou "doud" ze knipsen as eben oft de Fall ... eng mei eiergeizeg Eegenkritik vun den Protagonisten geiff dozou feieren dat een mei gefaalen un deenen Sujet'n geif fannen. zb Urbex as genau de selwechten Fall ... jiddereen wor firun 2 Joer Urbexer ... an waat as draus gin ? E groussen Koup qualitatif mettelmeisseg Fotoen, wou dei gut net mei erausgestach hun. Hei as et zelwecht.

PS: dei do as wierklech gut getraft, schein Deift duerch den Ascht, an den Bokeh as top. Ech wees du bass keen deen gären retoucheiert, mais dat Spannennetz hätt ech gestempelt, och wann et Natur as...
Schluck 11.09.2014 - 10:24
Jo genau Gaga, ech ginn der 100% Recht .. meng net mir géif dat net ob den Geescht goen wann esou een flotten Sujet futti geknipst gëtt, au contraire.

Fir mech ass et een Motiv wat ech immens gären fotographéieren an ech lueden hei wierklech just nach meng beschten Biller vum Äisvull erop. Fir sou Biller wéi dat hei ze maachen ass awer och eng 2-3 Joer Erfahrung mat dem Sujet néideg (Wou fannen ech en, wéi kann ech et beaflossen wou en sech hinnsetz, wéi kréien ech ën an déi richteg Luucht, wéi geroden ech den richtegen Moment etc.)

Dat ass alles eng Viraarbecht déi een muss léieren an wann een net experimentéiert kann en jo och näischt bäiléieren an dofir sinn mer jo eigentlech hei ... oder nët. Dat heescht dann natierlech och dass och mol net sou gutt Biller eropgelueden ginn wëll et muss een sech jo déi Erfahrung iergendwéi uneegenen.

Am Ufank ass een mol frou wann een en iwwerhaapt mol gesäit... duerno bass de mol frou wann s de eng Hallefwegs brauchbar Foto hues, déi's de dann natierlech och wëlls weisen, duerno ginn se dann lues an lues besser an och mol mat Fësch ... Männlein und Weiblein .. bei der Verkoppelung ... am Fléien .. etc.

Dass elo an deenen läschte Wochen hei moslos iwwerdriwwen ginn ass, do stëmmen ech der zu 100% zou, mais dat d'selwecht gëllt awer och fir aner Sujeten. Meeschtens mierkt een dat jo och sëlwer, wann nach 0 Comments kommen. Wat mir ob den Wecker geet an d'Flemm andréiwt sinn déi domm däämlech Provokatiounen à la Egalwaat an och deng Äisdauw.

Ech sëlwer probéieren just mech an der Naturfotographie weiderentwéckelen an ech mengen schonn dass fir all (Natur) Fotograph hei um Site den Fall ass.

Firwat also dat Gestëtonguepels ? Mais Merde, gidd Fotoen maachen an weist se hei anstatt d'Zäit mat sou Provokatiounen ze verléieren.

Zur Foto:

Jo dat Spannennetz huet mech och ee bëssen gestéiert an ech hat och schonns iwwerluecht fir et ze stempelen. Hunn et lo mol probéiert, mais ass doduerch kenn 100% Naturfoto méi. Ech hunn och nach aner Remarquen vun Kollegen ëmgesat (d'Spannennetz huet vun den Naturfotgraphen keen gestéiert). Du kanns jo mol aal an nei vergläichen wat ech dann nach als Kritik kritt hunn an och ëmgesat hunn.

Gaga 11.09.2014 - 13:32
As schweier, ech muss soen dat se fierdrun mei Kontrast hat zumols am Bokeh huet mer besser gefall.
Deen gréngen Schleier lenks kriss de vlt och mat enger Tonalkurve am Grenglayer eraus.
Mam Spannennetz, dat as jo dei aal Geschicht, ech verstin an respekteieren dat wann een onverschaften Fotoen wëll machen, dat as natierlech och mei respektabel eng propper Foto ze weisen dei net vun fier bis hannen retoucheiert gin as.

Eng Sach nach,
Meng Eisdauf wor secher och erem mat engem Schmunzelen a richtung Eisvullenfotoen gemach, mais den Hannergronnt, wei ech am Text geschriwen hun, wor e ganz aaneren. Wahrscheinlech bass de guer net sou weit kucken gaang.
Ech hun mech mam TC getraff fier dat Thema, Aa an Aa ze diskuteieren. An ech soot him och dat et mier eben drems geht t'Leit sollen mol mei selbstkritech sin an Sachen eroplueden wou se wessen dat se net selwer schon 10 besserer gewisen hun. Dat huet mech bei sengen gesteiert. Den "User" deen hei um Site Fotoen kuckt, as et net wichteg dass de um 4.00 opstees, 4 Stonnen an der Kält an am Naassen do setz fier vun 200 Fotoen eng scharf Foto hinzekeien. Ech hun eben meng Art a Weis meng Kritik doriwer auszeloossen. Wei ememr soen ech , huelt sou Sachen net perseinlech. Jiddereen dierf seng Mehnung soen, an jiddereen dierf sech sein Bild machen an soen, deng Mehnung as mer egal.
Zur Eisdauf : wei ech mam TC am Urban op der Terrasse sutz, as eng Dauf bei eisen Dech komm dei eis eis Nëss woltl klauen. Do as eis opgefall dat se Hoer, Fisselen an wat wees ech an de Féiss hänken haat, dei hier schon an t'Fleesch agewuess sin. Ausserdem woren dei zwee Been sou uneneen gestreckt dat se net mei richteg trëtonguepelen konnt. Dorops hin hun mer probeier se ze befreien an sou gut et geht t'Fisselen lasszeschneiden.
Duerno soot ech eben, passend zu eisem Treffen hätt et missen en Eisvull sin, den mer zesummen retten smile
Dohier Owes nach meng kleng Photoshop Arbescht, mei net. Ech hun mer geduecht dat verschiddener soen, wat soll dat, mais den TC wosst genau wat gemengt wier. Ech Hun et eben och esou gemenkt wei : den Knuet as lass. Och wann mer an dem Thema net onbedingt dei selwecht Mehnung hun, hun mer awer gesin dat mer esou also erweussen Leit, sympatesch Kärelen sin. Méi net.

Ech sin frou iwer all gut Foto hei, mais alles eropzelueden wat hallefwegs gelongen as, brenkt kengem epes. Schliesslech wëll jiddereen hei geil Fotoen gesin, keng Déjà-vuen.

An deem Sënn Schluck, mach roueg weider mat dem wat der Spaass mecht, an wat deng Fotoen besser gin, wat mer eis mei drop fréen se ze gesin.

MbG
Schluck 11.09.2014 - 20:57
Jo, dat mam Kotrast am Hannergronn war gëschter Owend ob déi schnell schief gangen wëll ech déi falsch Versioun geholl hat ..

Wat ech nach geännert hat war den Bengel ee bëssen Bluren wëll den fir an der Mëtt scharf war an dofir den Bléck ob sech gezunn huet. Och hunn ech d'Higlights um Schniewwel nach ofgedonkelt an och den Bengel nach ee bëssen offgedonkelt.

Dass ët nët wichteg ass fir den User um Site wat vun Firarbecht hannendrunn stëcht .. domat sinn ech nët mat der anverstannen, wëll ët wichteg ass fir een den wëll eppes béiléieren wéi een sech muss unleen. Ech mengen bei zb. Studio ass ët nët annerscht wëll do muss de jo och dech domadden ausserneen setzen wéi's de d'Luuchten setz usw.

Merci och fir deng Erkärung mat der Äisdauw .. dat gët daer Saach schon ërem een annnert Liicht.
Gaga 11.09.2014 - 21:39
Kp Schluck; et as wouer dat en Photogenuser net mat engem normalen Bildbetrachter ze vergleichen as.
Kuck einfach wann zwee Musikprofien mateneen schwätzen... dat as och eng aaner diskutioun wei wann en musiker mat engem fan schwätzt.
Sou, lo awer frohes licht closed_eye
ornitho 09.09.2014 - 22:42
Ah, no langer Zait nees eng Foto vun dem Bloen Vull dei mir ganz Gud gefällt ! De Bokeh ass flott gin ! Vir De Recht gief Ech mir net Flemm andreiwen lossen, et ass souwisou emmer een den eppes dogeint heut , egal weiste et mees...
Schluck 11.09.2014 - 09:26
Merci Gianni, jo ech mengen do hues de Recht .. mat dem wat héi ëmmer vun Toppëchkeeten géint d'Naturfotographen leeft leeft ass ët allerdengs nët einfach. Merci fir den Ermutegung!
Jeanny 10.09.2014 - 06:23
an dat ass dir hei wonnerbar gegleckt Schluck, en herrleche BQ
Schluck 11.09.2014 - 09:27
Merci Jeanny, jo ëm den Hannergrond mat den Flären ass ët mer béi dësser gangen.
micky-maus 10.09.2014 - 10:01
WOW, Schluck.
Esou ass ett mier egal op ett een Aisvull oder een Spatz ass. Super Kadrasch ann Luucht. Awer daat ett den äisvull ass, ass Kiischt um Kuch. 10/10 vunn mier.

Ann souweisou wei emmer: ONBEDINGT DROP KLICKEN
Schluck 11.09.2014 - 09:28
Merci Fränk, du iwwerraschs mech ëmmer rëm... Décken Merci dofir!
jorsch 10.09.2014 - 21:36
Flott Pose vum Äisvull, awer den HG. mecht dës Foto besonnesch!
Schluck 11.09.2014 - 09:29
Merci jorsch, jo duerch déi Pose wou iwwert den Bengel den Bléck ob den Äisvull an duerno zeréck iwwert séin Bléck an der Diagonal .. dofir hunn ech dëss Ausgesicht an natiirlech duerch den flotten Hannergrond
Maimonides 10.09.2014 - 21:41
Wat soll dat Schluck
mat der Flemm ?

Ëmmer di plusminus gutt Aisvullen
di kee Fatz extra sin, déi waren e Cliché gin.

Deng Foto ass dat net.
Schluck 11.09.2014 - 09:31
Merci Charel, ech lueden doweinst schon laaang héi nëmmen meng bescht Fotoën vum Äisvull erop. Och dir een décken Merci
mischii 10.09.2014 - 22:08
w.e.g net d'Flemm kréien,
ech stëmmen hei dem Maimonides komplett zou
Schluck 11.09.2014 - 09:34
Och dir merci Mischii, äer Kommentaren hunn mer gut gedoën
gemu 11.09.2014 - 09:39
Ganz keck sëtzt hien do a waart dach nëmmen drop fir hei gewisen ze gin. Immens flot mat DEEM Hannergrond
Schluck 11.09.2014 - 10:34
Villmols merci Georges, jo dat ass mechtens den Problem fir ën virun engem flotten Hannerergrond an aus enger flotter Perspektiv ze erwëschen.
sergioba 14.09.2014 - 21:10
du dreiws eis d'Flemm an, awer nëmmen well mer vu näid platzen. hun och bei mir an der géigend den EV en Mass fonnt an kréien et einfach net hin suguer eng schlecht Foto ze maachen, vun enger Passabler mol net ze schwätzen. Bravo fir déi hei. de Bokeh mëcht et fir mech aus. an d'Déift am Bild. ech gi lo pennen. hun d'Flemm smile
Schluck 18.09.2014 - 12:32
Dat kann ech gutt novollzéihen wëll ech bis elo héi am Land zwar och vill Platzen kennen wou's de ënn kanns gesinn an knippsen awer keng wou dat och mat gudder Luucht klappt an och einfach accessibel ass. Merci gesoot Sergio.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online