Huele mol un du hues d'Blend sou kleng gemaach fir kënnen di laang Beliichtung hinzekréien? Leider huet dat eng schlecht Auswierkung op d'Qualitéit vun der Foto (an der Reegel gëtt al Objektiv am f/16 méi schlecht). Besser wier gewiescht den ISO op den absolute Minimum ze setzen, wat gutt méiglech gewiescht wier, vu dass de en op 800 has Solls de méi oft wëlle laang Beliichtunge maache, géif ech der nach en ND Filter uroden (Neutral density), dann gëtt et iwwerflësseg d'Blend immens kleng ze maachen.
Keene Mensche schafte Haud mei mate Filtere Mönsiö, dat machd dir matt Fotoschob.
Zitat Vendeur an engen Staater Butek... bei der Post... nierft dem.... ach loossse mer dat
Den Johny huet absolut Recht, iso emmer eroof wann et net muss sin. Auto ISO mist och verbuede gin fannen ech.
An de Kadrage mei op. Esou as se mir ze gekniwelt an iwerall ad epes ugeschniden oder steisst un den Bord. Ech wees elo net weieng brennweit dei pentax huet mais ongefeier 14mm wieren wuel besser gewiercht. (Mei himmel an mei fierdergrond zb)
Hm haat een ND Filter benotzt, mee Blend allerdings vollen Nugga op 22. wollt jo alles rondrem richteg scharf. Mee bon ween zevill well get bestrooft. Denken nexte Keier un en maximum vun f/16 bei langer Belichtung.
Merci fir den Typ.
Ok, wanns de dann trotzdem nach eng méi laang Beliichtung wëlls, ouni dass d'Qualitéit vun der Foto leid, muss de kucken e méi staarken ND ze huelen Max f/16 ass eng gutt allgemeng Reegel.