as ausbaufäheg, mais gefàllt mer. Deng Fotoen sin sou lieweg, dat een net vill teschnecht Blabla muss erklären an wessen oder verbesseren. Dat as ganz selten, et gesait een dats de en Bléck fier Motiver hues an vill Gefill fier Farwen an Luucht. Mach einfach dat wat dier gefällt, mei brauchs du net.
Merci fir dein Feedback
Natielech kann eng Foto net jidderengem gefaalen mee ech hun mech just gefrot op dei Foto wieklech sou schlecht wier well se bislo nach net eng eenzeg gudd Kritik kruut huet awer mir perseinlech ganz gudd gefällt.
ech probeieren et emol esou ze soen :
Bei sou kreativen Sachen as t'Teschnik net wierklech wichteg oder Masgebend. Dohier kann ech der lo net soen dat teschnech epes falsch drun wier oder esou. Ennerbeliicht as se jo ganz bewosst gemach.
Wann een also dat teschnecht eweg leisst, bleift just nach dat "künstlerecht" an do as alles erlaabt.
Mir gefällt ganz gut, dat se e bessen ausgesait wei en Aan mat enger Pupil. Evtl keintn een probeieren dei ganz Bléi drop ze hun, dann geiff et nach mei wei en Aan ausgesin. Et as och e bessen vill Schwarz, mais dat steiert mech och net wierklech.
Hun lo missen nosichen no engem Sproch .... hei as en :
Es gibt Maler, die die Sonne in einen gelben Fleck verwandeln. Es gibt aber andere, die dank ihrer Kunst und Intelligenz einen gelben Fleck in die Sonne verwandeln können.
En coolen Sproch
Wann ech mech richteg erenneren haat ech och probeiert dei ganz Bléi ze fotografeiren, daat war awer net gaang well se direkt virun enger Heck stung an d'Luucht vun der Sonn just duech e klengt Lach an der Heck duechkomm ass an d'Bléi doduech just zur halschent beliicht war. Sou oder sou war se also emmer nemmen zur Halschent richteg siichtbar.
Ech hun graad e bessen nogesicht an nach eng aaner Foto vun der selwechter Bléi fonnt. Net graad esou donkel an d'Bléi ass komplett siichtbar. Wells de gesin?
Keen Problem!
Hei ass dei aaner Foto: http://oi62.tinypic.com/5yvs7k.jpg
Ech wees net op dei besser ass wei dei aaner mais die eischt gefällt mir perseinlech besser.