Ok ech probéieren kuerz ze emreissen wat ech am postprocessing gemaat hunn.
Ausgangsmaterial war en RAW vun der X100. Wou ech Photo gemaat hunn han ech se liicht ënnerbeliicht fir sécher ze goen dat net zivill Detailer am Chrom ausfriessen. Dann koum dat ganzt an den Lightroom do hunn ech eng Upassung vun 0.8ev agestallt. Dann lo déi Punkten wou ech unhuelen wat gefrot gëtt. "toncurve" hunn ech een S gemaat fir den Kontrast bëssen ze erheigen awer ech hunn den däischteren deel bëssen ugehuewen, also manner Zeechnung. Dunn Saturatioun bëssen erausgedréint. Den naechtsen Punkt war dunn Split toning: hell Beräicher bëssen giel fir datt dat ganzt méi waarm gëtt an "shadows" bëssen moof wat interessant ass bei der bloer Faarf vum Auto. Dunn hunn ech "blacks" ob -33 (-1/3) ugepasst an "shadows" ob 86. Doduerch gouf den Auto méi, soen mer mol plastesch, well e bëssen am Schiet stoung. Als lescht hunn ech bëssen un der "white balance" gedréint: Bëssen méi giel an mangenta.