Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moies an der Wiss

 
Moies an der Wiss
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.07.2014
  • Gekuckt:
    40783
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    950x632
  • Späicherplaz:
    268 KB
  • Originaldatum:
    2014:07:25 05:31:16
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79573]
Kommentar vum Fotograf:
bei Sonnenopgang
marischen 27.07.2014 - 13:06
Wow smile Richteg schéin. Paiperléks-Fotoen hänke mer am Fong uewe raus mee déi do ass wierklech mol eppes aneschters.
jorsch 28.07.2014 - 08:52
Merci marischen.
Ech hu mech iwwert däi Kommentar an däi Fav. gefreet!
ornitho 27.07.2014 - 14:41
Ganz Flott nees Jorsch !!!
jorsch 28.07.2014 - 08:53
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav.!
Maimonides 27.07.2014 - 20:56
Comme une dentelle, jorsch,
discrète et spectaculaire.
jorsch 28.07.2014 - 08:54
Merci Maimonides, fir däi schéine Kommentar.
Jacques 27.07.2014 - 23:33
D'Idee souwéi den Kadrage gefällt mer ganz gudd.
D'Format vun denger Foto fannen ech ze kleng hei gewisen. Den Päiperlek ass mer en tick ze blatzech an d'Qualitéit fannen ech net besonnech gudd. D'Rauschen stéiert net esou mee am mettleren Bereich hues du zimlech stark TWA's, wat engem opfällt wann een d'Foto e bessen méi lang kuckt. An am Groussen geseit een dat warscheinlech nach besser.
jorsch 28.07.2014 - 09:14
Merci Jacques, datt s de der Zäit geholl hues d'Foto genau ze kucken an e präzise Kommentar ze schreiwen! Freeë mech datt d'Iddi an de Cadrage der gefalen!

E puer Bemierkungen:
Allgemeng:
D'Foto soll eng Stëmmung erëmginn an net eng dokumentaresch Foto vun engem Schachbriet-Päiperlek sinn. De Päiperlek ass just Eyecatcher.
Format:
Fréier hunn ech all meng Biller just mat 800px eropgelueden, elo mat 950px. Besonnesch bei engem Bild wou et op d'Gesamtwierkung ukënnt gesinn ech net an, wéisou se nach méi grouss soll sinn.
Päiperlek ze blatzech:
Am Original ass en nach méi blatzech, méi Schäerft a Kontrast géif e wéi opgepächt wierke loossen.
Qualitéit:
D'Foto ass direkt an d'Sonn fotograféiert ginn!
TWA:
Sinn am Original Tiff-Bild net ze gesinn. Froe mech op dat net einfach eng Konsequenz vun der jpg-Kompressioun bei deenen douce Faarfiwwergäng ass.
Jacques 28.07.2014 - 09:52
Ech fannen Stëmmungsbiller soen net dat aus, wann se esou kleng gewisen gin. (Ass awer just meng Meenung.)
Ech hun mol probéiert eng kleng Korrektur vun den Metteltéin an den Déiften ze machen an doduerch kriss du den enneschten Deel vum Bild e bessen méi donkel an d'Foto wierkt net esou blatzech iwert dat ganzt Bild. Bei esou Farwiwergäng kriss du ganz oft deen Banding an d'Bild wans du et an jpg emwandelst. Du kanns et awer versichen ze ennerdreken andeemst du kontrolléiert rauschen an deng Foto brengs z.b am PS wous du verschidden Méiglechkeeten hues. Dat ass net einfach an ass bei all Foto verschidden. Hun mech schon oft lang dermatt amuséiert an et och schon oft opginsmile
Mee wéi gesoot et ass eng a.d.g.
Scyv76 29.07.2014 - 08:52
Mir gefällt se ganz gudd an wéi's du och geschriwwen hues soll et en Stemmungsbild sin. Vir mech get d'Moies-Stemmung héi op alle Fall gudd vermettelt. Waat ech och emmer flott fannen ass wann een dem Fotograf séng "Perséinlechkéet" erkennt...daat ass bei dir zweifellos den Fall well wéi ech d'Foto an ver Virschau am klengen Thumbnail gesin hun woor ech schons sécher dass et eng vun dir wär closed_eye
jorsch 29.07.2014 - 09:15
Merci Scyv76, freet mech wann dëst Bild dir gefält!
Jean-Jos 03.08.2014 - 14:12
aussergewéinlech
jorsch 03.08.2014 - 20:14
E kuurze Kommentar dee mer gefält!
ornitho 04.08.2014 - 00:39
Glëckwonsch Georges !!!
jorsch 04.08.2014 - 11:46
Merci ornitho.

Ech freeë mech iwwert d'FvdW, obschonn ech bei dëser Foto dach e bëssen iwwerrascht vum Vote sinn, ech hat eng aner Foto als Favorit dës Woch.
ornitho 04.08.2014 - 16:51
Ech hat vir dei gestemmt, opweul ech als Eicht eng Anner vun Dir Favoriseiert hat , mee dei heiten hat awa irgend wou sain spezialt.... wat halt peur Leit och sou werten gesin hun wei Esh, an dofir heutse WF op jiderfall verdengt smile
jorsch 04.08.2014 - 21:13
smile!
p4ulx 04.08.2014 - 12:32
Gléckwonsch!
Den warmen Toun gefällt mer immens gudd, an iwwerhaapt hun ech wieklech hei näischt auszesetzen. Ganz gelongen Foto!
jorsch 04.08.2014 - 16:15
Merci p4ulx, freeë mech iweert de Kommentar an de Fav.!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 621 Gäscht online