Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kleng Liichtung am Besch

 
Kleng Liichtung am Besch
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (13.08.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.07.2014
  • Gekuckt:
    28875
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    436 KB
  • Originaldatum:
    10.12.2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D3200
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikon DX AF-S Nikkor 18-55 mm
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
View NX 2 an Pixlr-o-matic fir d'Nobeaarbeschten

Fir anzesetzen: [pg_img=79377]
Kommentar vum Fotograf:
Dei schein Plaaz hun ech duerch Zoufall fonnt.
D'Foto gouf mat Niew NX 2 an Pixlr-o-matic beaarbescht.

Während dem selwechten Shoot opgeholl wei dei hei:
am Besch
Loki 13.07.2014 - 11:09
Ganz flott geroden, a stëmmungsvoll. Schéin agefangen mat de Liichtstrahlen vu lénks! D'Farwen sin tiptop an et huet een d'Gefill wéi wann een do géing mattendranstoen an d'Villercher paifen géing héieren smile

E bessen ze meckeren gett et awer och closed_eye Ech perséinlech fannen dass d'Onschärftsvignette e bessen zevill dees gudden ass. Kukk mol riets besonneg, do ass den Bam an seng Äscht ganz um Rand total onscharf (e bessen vill zevill onscharf) an zimlech abrupt ass deen niewendrun gréisstendeels scharf. Wat ech well soen ass dass den Iwwergang vun scharf op onscharf zimlech haard ass an dass d'Onschärft selwer zevill intensiv ass. Wann se manner 'blurry' wier, mengen ech geing deng Foto nach e bessen méi hiermachen well déi heiten Onschärft jaitzt e bessen One-click-Filter. E bessen manner ass an deser Foto ménger Meenung no vill méi. Lénks stéiert et och e bessen awer net sou wei riets well den Iwwergang net sou opfällt.

Also am résumé: deng Foto fannen ech ganz flott, ma ech denken do kanns de nach méi eraushuelen an se nach besser machen. Weider sou!
sheandhercamera 13.07.2014 - 11:31
Merci fir dein Feedback Loki smile
Okay, ech gesin waats de mengs an du hues Recht. Ech wärt d'Foto nach engkeier nobeaarbeschten an probeiren daat mat der Onschärft besser hinzekreien. Dei haat ech iwregens gemaach vir dass dei ganz Opmierksamkeet op dei hell Plaaz an der Mett gelenkt gett.
Loki 13.07.2014 - 11:52
Ah dat hun ech mir geduet dass et esou gemengt war smile

Ech géing der roden se vlait en krack manner staark ze maachen an den Iwwergang dofier mi waitleefeg ze maachen, falls der deng Software daat gestatt? Am Engleschen nennt een daat 'feathering', keng Ahnung mat weienger Sprooch du do schaffs ;) Wann dai Feathering lo z.b. 20pixelen sin, setz en mol testweis op 60px an da gesais de op daat mi natirlech wierk vun onscharf op scharf.

Also wat ech mengen ass wanns de se e bessen manner staark onscharf mechs, an zum scharfen deel hin den iwwergang mi grouss mechs, dann hues de den selweschten Effekt vum Bléck lenken ouni dass et onnatirlech wierkt.

Maach der souwisou keng Suergen em wou d'Opmierksamkeet higeet, deng hell Plaaz hiewt sech alleng schon vun der Hellegkeet eraus (....äh jo, wat e Saaz haha) an se lait ongeféier op engem Schnettpunkt/Achse vun den Drëttelen, de Bléck geet also souwisou dohin ;) Déng Bem riets leien iwweregens och ongeféier op souenger Achse, machen also eng schéin natirlech Rumm a lenken de Bléck an d'Opmierksamkeet esou mat smile

Sin gespant op di nei Versioun wanns de déi hues! bigsmile
sheandhercamera 13.08.2014 - 10:27
Hey Loki!
Ech hun eng nei Version ropgelueden. Leider haat ech Problemer dei aal Foto ze ersetzen an lo ass dei eischt Version komplett gelöscht gin sad
Waat ech geännert hun war nemmen den Blur-Effect. Deen ass net mei graad sou staark doweinst ass den Iwwergang och mei fleißend gin.
Loki 19.08.2014 - 11:40
Ah super, daat do ass VILL besser an elo wiert et vill vill méi 'ronn' a stëmmeg, well een net mi oofgelenkt gett vun dem harden Iwergang. Sou kann een d'Bild ganz op sech wierken loossen. Kompliment, ech sin begeeschtert! smile

(iwweregens: och ganz cool vun där dass de op d'Bild zeréckkomm bass an Kommentarer mat diskutéiers an wéi hei och emsetz, dat verdingt Luew, well daat ass et em wat et hei geet smile Weider sou!)
sheandhercamera 19.08.2014 - 11:58
Merci smile Majo, doweinst sin ech io hei. Wann ech d'Kommentarer an d'Verbesserungsvirschlei dei ech hei kreien ignoreiren dann huett et io gue keen Senn meng Photoen hei ze weisen cool
ornitho 13.07.2014 - 11:29
Dei ass super esou weise ass ! an Farwen sen Top ! Gefällt ma !
sheandhercamera 13.07.2014 - 11:55
Merci fir dein Feedback, freet mech dass se der sou gutt gefällt smile
Metalbambi 13.07.2014 - 12:15
Schléissen mech dem Loki hei voll an ganz un. D'Foto ass wierklech cool, d'Blur-Vignette ass och gutt vun der Iddi hier, mee leider en bëssen ze schäerf am Iwwergang. Wanns de gäeren mat sou Saachen spills kann ech der nëmmen roden en Lensbaby ze kafen, domadder kriss den den Effekt schonn direkt an der Foto an doduerch gesäit en natierlech aus an muss der net méi vill Gedanken drëms maachen.
Fannen d'Foto trotzdem wierklech cool, virun allem well ech weess wéi schwéier et ass uerdentlech Fotoen an engem Bësch ze maachen!
sheandhercamera 19.07.2014 - 12:55
Villlmols merci fir dein Feedback Metalbambi smile
Wei gesot, ech wäert des Foto nachengkeier beaarbeschten wann ech Zeit dofier fannen an se iech dann nachengkeier weisen.
An merci fir den Tipp, wäert mer daat mol unkucken. Ech wousst net dass et dofier extra Lensen gin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 446 Gäscht online