Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kilt Rock

 
Kilt Rock
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.07.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.07.2014
  • Gekuckt:
    25155
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    31/2 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    19 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x1200
  • Späicherplaz:
    794 KB
  • Originaldatum:
    2014:06:06 12:43:46
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79351]
Kommentar vum Fotograf:
Een Wasserfall ob der Isle of Skye an Schottland
Charly_Ente 10.07.2014 - 19:28
Cool Foto ! ech muss engkeier dohin! closed_eye
Schluck 11.07.2014 - 15:56
Merci Charly .. ass ob allen Fall dowert .. ech ginn sëcher nach emol.
Charly_Ente 12.07.2014 - 20:08
dann hells de mech awer mat closed_eye
Jean-Jos 11.07.2014 - 01:00
Exzellent, a nët nëmmen d'Faarwen smile
De Cadrage kann een hei nët besser machen, denken ech.
Schluck 11.07.2014 - 15:58
Merci Jean-Jos ... denken och dass dat héi déi bescht Optioun war .. hunn Stativ schon missen duerch een Glänner kréein an ët war mer nët ganz Gehéier fir dass den ND Filter nët iwwert d'Klippen geet.
JZ 11.07.2014 - 08:54
Dei gefällt mir gudd.
Schluck 11.07.2014 - 15:58
Merci John.
BigVood 11.07.2014 - 10:07
Schéin. Mëscht Loscht och dohin ze fueren.
Schluck 11.07.2014 - 15:59
Hehe .. jo gëll .. an dem JPS seng déi ech der geschéckt hat .. bestëmmt nach méi
gemu 11.07.2014 - 12:11
Super Bléckféierung, an Faarwen, daat wier bestëmmt immens als Poster
Schluck 11.07.2014 - 16:00
Décken Merci Georges ... mol kucken ob ech nach eng Platz fannen fir se héi um Buro
Miau 11.07.2014 - 20:12
di do gefällt Schluck...
Schluck 11.07.2014 - 21:00
Merci gesoot Willy smile
ornitho 12.07.2014 - 11:51
Ech fannen se flott, just dei "Denn" Ruhm get ma gefill dass dei extrem grous Perspektive gequetscht get...vlait ouni Ruhm besser ? Farwlech ewei de Bleckwenkel sen super, och ennen Steng am Wasser ass e scheint Detail am Bild. Top !
Schluck 16.07.2014 - 15:16
Merci Gianni, d'Rumm kann een diskutéieren .. ech machen em all Bild déi selwescht Rumm .. wann ët just dat ass ... domat kann ech liewwen closed_eye
ornitho 17.07.2014 - 00:23
closed_eye
Jean-Marie 14.07.2014 - 11:48
Ganz Schein, eng enorm Atmosphär & schon bal wei gemolt. Ob deen eischten Bleck mengt een Stäng wären Eis-schollen. An den Exifs steht 1 Sekond ech hat gemengt et wär mei lang belicht gin.
Schluck 16.07.2014 - 15:18
Merci Jean-Marie, jo déi Steng machen deat Bild héi aus .. ët sinn ee puer Beliichtingen dofir stëmmens d'Exifën nët méi
Jean-Marie 29.07.2014 - 11:56
Merci fir d'Info, wei bass du dann do virgangen an weivill Fotoen hues du kombineiert ?
Schluck 31.07.2014 - 09:05
Hat 4 Biller gemach, mais hun der am Endeffekt just 2 benotz weinst der Schärft wëll et war vill Loft .. ech hun just am LR dan nach eng Blend méi an Manner exportéiert an am PS iwwertennen geluecht
Jean-Marie 04.08.2014 - 14:51
ah sou an dat huet deen selwechten Effekt wei wann een um Apparat Blend ännert, ob esou eng Idii wir ech net komm, merci fir d'Erklärung
jorsch 14.07.2014 - 20:53
Wat eng Landschaft! Gefält mer ganz gutt!
Froe mech, wéi se am SW. wierke géif? Villäicht nach e bësse méi rau, sou wéi d'Landschaft?
Schluck 16.07.2014 - 15:18
Meric jorsch, jo Schottland ass fantastech .. dat wier och eppes fir dech. SW ass och eng Idee .. probéieren dat mol
Schluck 31.07.2014 - 09:04
Hei déi SW ..

Kilt Rock (BW)


Mir perséinlech gefällt se an den Faarwen besser

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 308 Gäscht online