Deng Emotioiunen, kann ech voll a ganz verstoen, d' Bild iwwerzeegt mech awer lo net sou schrecklech,
ech kann Dech awer verstoen, well ech haat eng ähnlech Experienz mat Walen an der Arktis,
déi subjektiv Begeeschterung ass esou grouss, dass een all Regelen vun der Photographie vergësst, a finalement huet een nach just e Bild fir an de perséinlechen Album, wou och déi perséinlech Emotiounen gefroot sinn
Emotiounen ausleisen mecht et ob jidden Fall wann een se ob 30 Meter virun sech schwammen gesait .. Et ass secherlech keng Concoursfoto do ginn ech der 100 pro Recht. Se machen hei och lo keng Konschtstecker wei an engem Dolphinarium oder ginn offgeschluecht wei an der Bucht vun Taiji. Dat wier secherlech mei Spektskulaer... mais dann gesinn ech se leiwer sou wei hei... an annerer vlaicht och dofir wollt ech se awer hei weisen. Sou vill Delphiner sinn jo hei nach net um Site
Ech kennen déi emotional Momenter nach ze gutt, mit haten esou eng Szene am Mëttelmier op enger Walforschungsrees, wou op emol honnert oder zwee honnert Streifendelfiner ëmt Boot gesprongen sin. Kee blot Mier, keng spektakulär Aktion, den Delfin a freier Natur, esou soll ëtt sin. Gefällt mer super.
Wéi vum MsJarryman schonn erwähnt, esou soll et sinn. An och wann d'Foto u sech lo net sou spektakulär ze kucken ass, ass duerch de Gedanke vun der Fräiheet awer Emotioun dran, menger Meenung no. an dofir fannen ech et trotzdem eng gutt Foto.
Eng Fro hunn ech awer: Wann ech d'Brennwäit kucken dann wëll ech scho wëssen wéi eng Lëns dass de drop has mat wéi engem Konverter /gi mol dovun aus dass de och sou een drop has?)
Héi wier och manner duer gangen an souguer vläicht een Virdeel gewierscht weinst den Gewiicht. Et ass ëmmer just ganz kuerz wou een se gesinn huet .. se waren vläicht 40m eweg