3 a 5 gefaalen mer ganz gut,
do Bewegung dran ze kreien as ganz schweier, well wann zb den Arm verwescht as, as och t'Gesiicht verwescht ... an dann as et eng onscharf Foto
Mat enger 2,8 oder 3,2 Blend war se awer nach gutt ginn ! do hues du einfach ze vill Hannergrond drop ! Probéier emol mat enger 800 Sec an 2,8 Blend dann de Fokus op Spillerin ( Herzog ) an nach deng Foto ëmmer just iwwert den Dësch Tessy Gonderinger
Merci, ech hat bei Foten 1,2 a 4 1/800s, blend 3,2. Problem war dass ech mam 24-70 fotografeiert hunn wat definitif net genuch Tele huet, wollt d´Fotoen awer och net zevill croppen
ging mech interesseiren weieng Astellungen s'du haas. Du hues leider deng Exifs geläscht. Ech hat des lescht och eng Sessioun Deschtennis gemeet an war bessen gefrust iwert Resultat.
Fir Dynamik dran ze kreien, den Ball ze erweschen an eng scharf Foto ze man ass bei deem Sport zimlech schweier well am Moment wous de den Ball am Bild hues och dei schnellsten Bewegung stattfend.
Ech denken dem Val sein Tipp fir sech ob den Bereich iwert dem Desch ze konzentreieren ass zimlech wichteg an dann Zeit esou kleng wei den ISO et zouleist 1/800 ass effektiv schon genzwerteg
Bei mir sin d'Fotoen vum Obschlag nach am beschten gelongen well den Sportler do weinstens net mam Kieper mee just mam Arm an Bewegung ass.
Ech wees net weien Objektivs de haas mee ech denken dass mei eng lang Brennweit och bessen gehollef hätt.
Salut, Astellung bei 1,2, a 4 waren 3,2 Blend, 1/800s an Iso 6400. Foto 5 1/1000s a Blend 2,8.
D´Brennwait war och e Problem hat nemmen e 24-70, hu leider kee lichtstaarken Tele.