Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Double Rainbow

 
Double Rainbow
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.05.2014
  • Gekuckt:
    14139
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1366x585
  • Späicherplaz:
    70 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78358]
Kommentar vum Fotograf:
Eigendlech wollt ech mat engem Kolleg Reen fotografeieren den iwwert den Rheingraben, Kaiserstuhl a Freiburg aus den Vogesen gezunn ass.
No enger Dusch hun ma eis emgedreint an kruten dat do ze gesin
Sin frou dass den Papp trotz Reen mat sengen Kanner mam Draach weiderspillen wollt!
Richie 08.05.2014 - 19:31
Richteg flott.
Ech froen mech just firwaat bei deenen 2 Fuarwspektren emgedreint sinn.

Et wees jo villaicht een et hei op PG.
gogo 08.05.2014 - 23:44
Méng Vermutung gouf bei Wikipedia bestätegt:

Nebenregenbogen, sou heescht den ieweschte Reehbouh, ass en "Nieweprodukt" vum eigentleche Reebouh an kann een nëmmen bei "gudde Siichtverhältnisser observéiren".

Luut gett an der Drëtongues opgespléckt, e gewëssenen Deel vum Strahl reflektéiert eng Kéier op der Wand wou den Haaptdeel vun der Luut austrëtt, op de Bueden vun der Drëtongues an dann, sou denken ech trëtt se eigentlech /- do erëm raus wou se hier koum, de Luutestrahl koennt dann vun der aanerer Säit an gëtt selwescht* opgespléckt.

*vun der Drëtongues aus gesin, mier gesin et als invertéiert un.
Charly_Ente 09.05.2014 - 15:54
Merci,

Den Hobbymeteologe huet ma dat ganz einfach erklärt:

Den doppelten Bou ass Spiègelung vum éichten - dofier och emgedreint closed_eye
Richie 10.05.2014 - 09:52
Merci Elo sinn ech schonn net vir naischt opgestann smile
gogo 08.05.2014 - 23:48
Gefällt mer richteg gudd, d'Bild gesäit aus wi wanns de daat sou dirigéiert häss, einfach top, de Panorama, d'Wiesen di beliit sin, d'Wandmillen riets, di Famill mam Drach an dann de kréihnenden dueble Reebouh. Déi Foto kinns de direkt an e Reesekatalog printe loosen!
Charly_Ente 09.05.2014 - 15:55
Alles Zoufall... Zur richteger Zäit op der richteger Plaatz! closed_eye
jorsch 09.05.2014 - 07:35
Flott Foto. D'Famill mam Draach bréngt zousätzlech Liewen an d'Bild.

Bei enger ähnlecher Foto hat de galileo mir folgend Erklärung geschriwwen:

"Beim 2ten Bou sin d'Faarwen emgedréint, wëll d'Liicht sech do duerch den méi groussen Afallswénkel vis-à-vis vum Betruechtungsstandpunkt 2mol an de Reendrëtonguesen reflektéiert, an dann eréischt bei dem Betruechter säin Aa kënnt. Doduerch ass dann Ennen -> Uewen, an Uewen gëtt Ënnen."
Charly_Ente 09.05.2014 - 15:56
Hun ech och fonnt! War frou dass de Papp net bei der eichter Schauer Heem goen wollt an weider gespillt huet bigsmile

Et ass Spiègelung vum eichten, sou ass dat mei einfach closed_eye
Jacques 09.05.2014 - 07:40
En schéinen Moment festgehal!
70kb! Schued,ass e bessen un Qualitéit verluer gang wann een se am groussen kuckt.
Charly_Ente 09.05.2014 - 15:57
Merci,
Ahjo stëmmt ass effektiv klëng... A wei ech gesin hun ech d'Foto firum roplueden mei klëng gemaa gehaat... normalerweis 14MB

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 593 Gäscht online