den Owend mam Big Vood ennerwee. Mir hun desem Fuss eng halew Stonn nogekuckt; bis en op eis duerkoumm an sech e puer Minuten virun eis gesaat huet.
Drop klicken w.e.g.
Ech hu schonns rem misste laache, wéi ech de Moien d'Foto hei gesinn hunn... Merci JCS, ech hoffen, den Dag geet sou gutt weider, wéi en ugefaang huet.
Déi läscht Biller, wou hien virun deenen "2 decke laachende Mais" setzt, si wierklech exzellent ginn!
Laurent, selten esou gelacht ewei geschter mat deem Fuss do. Deen stellt sech bestemmt haut nach Froen waat deen geschter do mat eis erlierwt huet. E wollt eis bestemmt gären friessen an ech wor em dun awer e weineg ze deck Gin awer nach emol dohinn a wees jo elo waat ech muss machen fir dass en Model steht (oder setzt).
Merci John. Jo, deen Graashalm an der Schnuff ass den Glanz. Hien soutz virun eis an huet eis nogekuckt (an gelauschtert) wei mir eis freckt gelacht hun, well en esou seier op eis duer gerannt koumm.
Merci Georges. Jo, en hatt welles eis ze friessen an huet dauern iwwerluercht wei en 2 sou grouss Opferen mat an sein Bau kritt. Schlussendlech woren mer him dun awer ze grouss.
Merci jorsch. Ech muss awer och soen dass ganz vill Zeit investeiert get bis een dann mol dei Chance kritt fir en Fuss esou no an esou flott kennen ze knipsen.