Merci Zora.
Et sinn einfach Leit, an awer immens frëndlech an oppen.
Si hu mir vun hire véier Bouwen verzielt, déi zu Lissabon a Porto schaffen, a vu fréier, wéi den Dampzuch nach hannert dem Duerf laanschgefuer ass.
Merci gtaddei1, fir de Kommentar an de Fav.!
Dëse Leit ze begéinen, déi trotz den ärmleche Verhältnisser an dem haarde Liewen ganz oppen a léif mat mir geschwat hunn, vun hirer Famill an dem Duerf erzielt hunn an zum Schluss mer erlabt hunn e Porträt vun hinnen ze maachen, war fir mech e staarkt Erliefnes.