Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wëldschwein mat Frischlingen

 
All Fotoen an dëser Serie:
40178 Thumbnail
40179 Thumbnail
40180 Thumbnail
40181 Thumbnail
40182 Thumbnail
Wëldschwein mat Frischlingen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.03.2014
  • Gekuckt:
    28858
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    22.03.2014
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 & Extender1.4x III
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77510]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Samsteg den Mëtteg haaten mer d'Chance enger Wëldschweinsau mat hieren Frischlingen beim Spillen kënnen nozekucken. Léider nach zimmlech vill Gestrüps an ISO 6400 ...
Nicon07 23.03.2014 - 21:28
Du Glécksschluck! smile
closed_eye

Wars du do an Deckung an engem Zelt, oder wat hues du gemaach, datt déi déch net gesin an "iwwerrannt" hun?

Egal... Trotz ISO 6400 a Gestrëtonguep am Wee, sin di Fotoen do richteg flott. Dat do erlieft een net all Daag. An d'Rauschverhale vun dénger Canon ass dach sou eppes vun optimal, datt 6400 ISO quasi guer net stéierend opfaalen. Kee verglach mat ménger D7100, déi sch bei 1800 ISO "kapituléiert". Kuck mol mäi läschten Upload hei!
Schluck 23.03.2014 - 21:42
Merci Nico .. Glécksschluck .. jo, dass ech sou gutt Kollegen hunn closed_eye

Hunn schon gesinn Nico .. du muss onbedengt mat engem Probéieren den och Nikon huet!
Nicon07 23.03.2014 - 22:05
Jo, oder awer mol eng Kéier neess mat der D700 an op engem Stativ probéieren. Den 12,1 Mpx -Sensor huet einfach trotz sénge 6 Joer, ee bessert Rauschverhaalen, wéi de 24 mpx DX-Sensor. An d'de 24 mpx-Fullframe Sensor vun der D600 ass och besser. Mar de Mëtteg fueren ech vläicht nach eemol testen, wann et net grad riicht era reent.

Schluck 24.03.2014 - 08:58
Fréihand ass bei denen Objektiver ëmmer kriddeleg .. du muss Onbedengt um Stativ testen. Ech hunn sou een Dengen fir ze testen wat ech der gaer eng Kéier léien.
Nicon07 24.03.2014 - 19:10
Merci, Schluck, ech hun der Dénger suguer zwee, dovunner ee massift, wat ech wéinst séngem gewiicht net gäre mat huelen. Den Apparat bat batteriegrëff, den décken Tele an d'Stativ, da bass du geluede, wéi ee réimesche Legionär... closed_eye
Schluck 23.03.2014 - 21:42
Jeanny 24.03.2014 - 06:25
Do sinn se jo, wat e Gléck hues Du Schluck
Schluck 24.03.2014 - 08:59
Jo, Jeanny, dat sees de gutt .. mir hunn hinnen 2-3 Stonnen kënnen nokucken an ët woar Chance dass se och emol ee bëssen aus dem Gestrètongueps erauskomm sinn
Pixelman 24.03.2014 - 07:36
Kann mer virstellen dass hanner esou enger Serie vill Aarbecht a Gedold stecht ! Do ass aawer dann neischt mat Autofocus denken ech! Gut gelongen di ganz Serie !
Schluck 24.03.2014 - 09:01
Nee, mol nët .. ët woar een Genoss hinnen nozekucken .. sou eppes hunn ech nach nie erliewwt. Ech hat den Fokuspunkt der Sau ob d'Schnuff gesaat fir Scharf ze stellen
Klaus-Dieter 24.03.2014 - 07:53
Wunderbar !
Frage : In welchem Tierpark haben sie diese Bilder gemacht ? Sind die Wege gut begehbar für ältere Personen mit Gehhilfe ? Wie nah kommt man an die Wildschweine ran, ich habe eine Polaroid 300 ?

Schluck 24.03.2014 - 08:08
Danke, die Bilder sind in freier Natur entstanden und nicht in einem Wildpark
rosch2014 24.03.2014 - 08:42
Eng ganz schein Serie.Den richtegen Moment mat dem richtegen Geschier op der richteger Platz.
Schluck 24.03.2014 - 09:02
Merci Rosch ... jo genau sou ass ët.
He-Lx 24.03.2014 - 21:01
Wat eng Chance esou e Glécksmoment net nëmmen ze erliewen, ma och nach festhalen ze kënnen. D'Gestrëtonguep stéiert net well et ass Natur. Bravo Schluck a Merci fir d'Wiesen.
BG Henri
Schluck 24.03.2014 - 21:36
Wat eng Chance Kollegen ze hunn déi den Moment mat engem Deelen .. Merci Henri

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 463 Gäscht online