Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kleng Schwësterchen

 
Kleng Schwësterchen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.03.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.03.2014
  • Gekuckt:
    18294
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x1200
  • Späicherplaz:
    320 KB
  • Originaldatum:
    2014:03:14 16:45:54
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Sigma 150mm
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=77388]
Kommentar vum Fotograf:
mat hiren groussen Bridder (Buschwindröschen
Anemone nemorosa) De Schäerftenverlaf aß beim Fotografieren entstanen an net am PS mam Weichzeechner.
Zora 15.03.2014 - 17:56
Schéin mat deenen Faarwenclosed_eye
Conley 16.03.2014 - 14:36
Merci Zora! smile
Faarwen am Hannergrond sinn un sech eng Widderhuelung duerch méi grouss gewuessenen Blummen vun der klenger Schwësterchen. Fir mech ass dat bis elo deen beschten Makro den ech hei gewisen hunn. Technesch gesinn stemmt bei dëser Foto fir mech eigentlech alles. De Schäerftenverlaf ass an der Kamera entstanen, mam Abezéien vun viischten Deel vun der Foto.
Zora 16.03.2014 - 15:22
dass am Fong schued dass hei deelweis guer net méi ob Fotoen kommentéiert get, zemols wann se richteg flott sinunhappy
MsJarryman 16.03.2014 - 16:08
Ech fannen dës Foto richteg gutt, virun allem wéi se gemaach gin ass, hätt den éischten Ament och un PS geduecht. Me esou Kommentarer wéi gefällt mer, sin jo nodems wat ech hei gelies hun och net onbedingt erwënscht a brengen näischt. Do iwwerleet en sech dann iwwerhaapt nach eppes ze schreiwen. Schued eigentlech unhappy
Zora 16.03.2014 - 16:14
zeguer wanns de an den Kommentar schreiwst dass de tipps oder esou brauchs kennt net emmer eppes brauchbares, ass eben esou!!!smile
Conley 16.03.2014 - 17:41
Dito Zora! Oder esou ähnlech closed_eye
Conley 16.03.2014 - 17:38
Wann een just gefält mir schreift, froen ech mech op den jéineschen weess wat him Iwwerhaapt gefält. Et geet jo dorëms dass een sech mat enger Foto beschäftegen soll, sech Froen stellt oder dem den Foto gemaach huet freet wann eppes net kloer ass oder eppes och mol net gefält dat him och seet.
An nëmmen dann kennen déi zwou Säiten eppes draus léieren. An och deejéinegen de datt léist kann sech dann och Gedanken maachen wat fir hien an seng Fotoen wichteg ass.
Net onbedéngt erwënscht a bréngen näischt, ass net schlecht gemengt awer eben Realitéit!
Ech wäert sécher keen vernennen wann een (gefält mir) schreift!
Dann brauch ech jo och just nëmmen Merci ze schreiwen, an gewannen doduerch vill Zäit!
Mee huet dann Iergendeen eppes geléiert? unhappy
Huet mech gefreet däin Komentar ze léisen an Merci MsJarryman!
Ps ech weess nach guer net wéi een dat am PS mëscht, well et geet jo och ouni.
Conley 16.03.2014 - 17:34
Et kascht vill Zäit Zora, an ween huet déi oder well se sech déi huelen. Soen mol einfach eben selwer Schold, dann kann een jo näischt bäiléieren! closed_eye
Zora 16.03.2014 - 18:58
Jap, déi meescht man sech mol net Méih den Kommentar ze liesen oder drop ze klicken, an wann een Néien eppes weist, get deen direkt bombardéiert mat schlechter Kritik, waat dem am Fong dann och net weider helleft, erklären waat mat der Foto oder Bildobbau etc. net stemmt wär een Wee, oder wann een mol eppes neies ausprobéiert, firwaat net, fannen soll een sech mol weider entwecklen, an sech mol trauen aus der Norm oder Regel ze fuehren, dann ass daat ganzt méi spannend, ass mol meng Meenungclosed_eye
Conley 16.03.2014 - 19:48
Jo datt wir och fir mech deen richtegen Wee. Mee mir kennen jo awer net jiddereen hei bedéngen. An Stonnen laang schreiwen an Schlussendlech huet een dach awer näischt beweegt! An dann bleift keng Zäit méi fir sech och selwer mol weider se entwéckelen. Ech hunn den Cs6 schonn iwwert néng Méint an weess nach bal näischt. unhappy
Zumindest den well ech dëst Joer besser an de Grëff kréien, an och méi Fotoen maachen!
Gett Zäit sech mol méi ëm séin Hobby ze këmmeren. Fotografie an't Bea. An net nëmmen schreiwen. Op ech et fäerdegbréngen unhappy weess ech nach net, awer dat ass mol meng Meenung!

Zora 16.03.2014 - 19:59
gud esou, ech verbrengen ganz vill Zeit mat mengem Hobby, an hun vill néi interessant Léit kennen geléiertclosed_eye
Conley 16.03.2014 - 20:39
Dat wäert mir awer echter net geschéien Samschdeg an Sonndeg Moies sinn um sechs nach kéng Leit ënner Wee. An Owes no siwen ass et och schonn roueg. closed_eye
jorsch 16.03.2014 - 20:51
Also mir kéinst de begéinen. "Senile Bettflucht" seet meng Fra dann! smile

Zur Foto: Mir gefält se och ganz gutt. Durch deen doucen Touwäert- a Schäerfteverlaf kritt d'Bild eppes ganz Poetesches, Verdeemtes. Eventuell hätt ech d'Tounwäerter an den däischteren Téin e bësse bäigeréckelt. Da kritt d'Bild liicht!! méi Kontrast, d'Bëschanemon stécht e bësse besser ervir, ouni datt d'Poesie zerstéiert gëtt.
Conley 16.03.2014 - 22:16
"Senile Bettflucht"
Esou al bass de jo awer nach net. Op schonn ech jo däin Alter iwwerhaapt net weess. An och net wous de Wunns, oder weess wous de deng Fotoen mëschs. Wéi sollen mir eis da begéinen closed_eye
Zur Foto: Tounwäerter an den däischteren Téin hunn ech elo just probéiert. Hannert der Bëschanemon geet se fir mech dann een bëssen ze Donkel. Mat den Mëtteltéin gefält et mir besser. Foto hunn ech ersat. Soen der Merci fir däin Tipp an de Kommentar jorsch an hoffen se ass elo besser!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 518 Gäscht online