Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fréijoersgefiller

 
Fréijoersgefiller
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.03.2014
  • Gekuckt:
    17277
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    734x1100
  • Späicherplaz:
    359 KB
  • Originaldatum:
    2014:03:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Sigma 150 mm
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:
Bounensäckelchen an Reflekter

Fir anzesetzen: [pg_img=77276]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn dann awer schonn de Stepps vun der Kamera erof geblosen. Leider ass nach net vill lass! Hoffen Foto vermëttel awer een bëssen t'Féijoer.
Jeanny 09.03.2014 - 07:00
smile ganz flott , da waars de net op der richtiger Platzsmile hu geschter sou munches am Gaart gesinn, beim botzen a planzensmile
Conley 09.03.2014 - 10:36
Ups!!!!
Den Huflattich ( http://www.barfers.de/huflattich.html ) hunn ech iwwert Grenz an engem Franséischen Bësch fonnt, an sengem Natierlechen Ëmfält. An mengem Naturschutzgebitt bléit leider nach nix. Di richteg Platzen ze fannen, an der Natur ass net esou einfach! Am Mondorfer Park do wuessen bestëmmt och schonn Krokussen. Mir ass et awer wichteg se op enger Wiss an der Natur ze fannen, an ze Fotograféieren. Fir mech sinn Fotoen ënnert deenen Konditiounen einfach méi wäertvoll. Am Gaart, do vermessen ech einfach dat Glécksgefill wat net vergläichbar ass wann een eng Foto an engem Natierlechen Ëmfält gemaach huet.
Ech soen der awer en decken Merci fir däin Komentar Jeanny! War mir schonn bewosst dass Foto hei net richteg verstanen geet! Net du awer di mëschten Leit closed_eye
Jeanny 10.03.2014 - 05:28
Natierlech ginn ech och eraus an Natur meng Insektebiller maachen, mä de Moment wou di éischt Fréijoersblummen an de Gäert bléien, kommen Insekte lo dohinner
Conley 10.03.2014 - 19:49
Ech weess dat jo Jaenny du bass jo méi ënnerwee ewéi ech! closed_eye Wann se Fréijoersblummen an de Gäert an Parken net hätten géingen se net iwwerliewen well an menger Géigend wiisst nach net vill.
Jeanny 11.03.2014 - 06:42
sou ass et smile
Conley 09.03.2014 - 10:13
.
icylady 09.03.2014 - 16:34
mir gefällt se ganz gudd, an dain HG fannen ech richteg super smile
wann ech dann lo Huflattich hannenaus bei der Bach hun, wou ech net agreifen an alles wuessen loossen waat kent, och tonnen Brennesselen, get daat dann eng Naturopnahm, well deen ass jo net all Joer do op där selwerchter Plaaz, wann en iwerhaapt remkënt
Conley 10.03.2014 - 19:39
Merci icylady, dat freet mech! PN! smile
Jean-Marie 17.03.2014 - 17:57
immens schein freigestallt, gefällt mir och saugut an den Farwen smile
Conley 18.03.2014 - 20:55
Merci datt Freed mech Jean-Marie!
Faarwen op de Blummen sinn duerch een Reflekter fir méi Liicht am Schied op Blummen ze lenken besser ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 440 Gäscht online