Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bam am Niwwel

 
Bam am Niwwel
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (27.02.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2014
  • Gekuckt:
    12232
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    15/1 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    122 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1.6666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    172 KB
  • Originaldatum:
    2014:02:23 22:08:11
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77070]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Laangzaitbeliichtung am decken Niwwel. De Verglach mat enger normaler Opnam ass allerdéngs net enorm, d'Bild ass liicht méi douce.
De wäisse Rand fannen ech hei ubruecht, fir dem zaarte Bild Raum ze ginn.
Jacques 25.02.2014 - 16:35
Ganz schéin Jorsch!
Vielleicht minimal e bessen méi Kontrast well d'Rum wéiss ass.
Gefällt mer gudd.
jorsch 26.02.2014 - 17:13
Merci Jacques.
De Kontrast ass schonn extrem kleng, en ass awer original an ech hunn en net nach erofgesat.
D'Stëmmung war esou an dofir wollt ech et sou loossen.
Jacques 27.02.2014 - 16:03
Jep, an elo gefällt se mer nach besser!smile
Gaga 26.02.2014 - 10:06
jo gin dem Jaques Recht, du wolls secher sou en Niwelbild hun, mais e bessen mei Kontur wier secher net falsch.
jorsch 26.02.2014 - 17:14
Merci Gaga.
( Kuck och mäi Kommentar beim Jacques. )
Zora 26.02.2014 - 18:44
had déi verpasst, richteg onheemlechclosed_eye, an wéi kéint daat mär net gefaalen!
jorsch 27.02.2014 - 14:48
Merci Zora.
Interessant, wéi jiddereen eng Stëmmung an engem Bild anneschters emfënnt. Ech hätt éischter Rou, Mélancholie, Trauer dra gesinn, awer näischt wat Angscht mecht.
Conley 26.02.2014 - 21:29
Eng verdreemten kal Stëmmung ass hei ze gesinn. Wou de Wee schéin aus dem Eck an't Bild leeft. De Cadrage hues de fir mech ganz gutt ausgewielt. Zemools well di Heck do sécher nach vill méi grouss ass. Deng Rumm passt och, just mäin Schierm léist mech Fotoen net genéissen mat breeden Rummen. Well wäiss ass op mengem Schierm och richteg wäiss. Jiddereen misst den selwechten hunn an misst och selwecht Calibréier sinn. Dat géing di Saach hei méi einfach maachen. Esou fehlt mir och e bëssen Kontrast, muss awer bei dir op dengem net esou sinn jorsch! Dat hat ech de Metten schonn geschriwwen. An no denger Äntwert beim Jacques loossen ech mäin Komentar och esou. Well ech mengen dass en hei ganz gutt passt!
jorsch 27.02.2014 - 14:56
Merci Conley, fir de laange Kommentar.
Mä Schierm ass ( mëttlerweil smile ) och kalibréiert, e misst d'Faarwen an d'Kontraster also ordentlech erëmginn. Ganz spannend wier et elo, däin a mäi Schierm niefteneen ze vergläichen, wat natierlech net geet.
Mä villäicht hunn ech dach e bëssen iwwerdriwwe mat dem Niwwel, dat schreiwe jo e puer Leit hei, déi wësse wat se soen!
Duerfir hei elo eng liicht méi kontrasträich Versioun.
Conley 01.03.2014 - 11:53
Dat klengt bëssi méi Kontrast wiert elo och op mengem Schierm besser. Dat weist vun der Rumm dominéiert Bild net méi esou.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 677 Gäscht online