Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schachbréit

 
All Fotoen an dëser Serie:
40000 Thumbnail
40001 Thumbnail
Schachbréit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.02.2014
  • Gekuckt:
    16485
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    2013_07_05
  • Fotoapparat:
    Nikon D800
  • Objektiv:
    Sigma 150mm
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=77058]
Kommentar vum Fotograf:
Melanargia galathea geschnidden an an der Original Gréisst
Zora 25.02.2014 - 11:39
schéinen Macro!
Conley 25.02.2014 - 21:28
Merci Zora, déi sinn jo och net esou grujelech wie verschidden aner Insekten. Gell Zora closed_eye
Zora 26.02.2014 - 08:44
ob jiddefallclosed_eye
gtaddei1 25.02.2014 - 14:09
Fantastesch opstellung
Conley 25.02.2014 - 21:38
De Stengel an den Eck. Spëtz vum Flillek wéist an een aneren. An d'An kuckt och nach an den Eck. Huelen mol un dass du dat mengs. Merci gataddei1.
gtaddei1 25.02.2014 - 23:56
den hannergronn douce awer hell, de Pimpampel och nach voll do... also alles perfekt
De Jacques seet och interesant saachen... mé gei net fort vun dem doucen stil ... mecht aus deser foto en Fine Art style
jorsch 25.02.2014 - 16:09
Do ass de Modell jo ouni fatzech Flilleken! smile
Ganz flotte Macro, schéin douce an de Faarwen. Bei der éischter ass de Cadrage optimal, bei der zweeter ass nach e bësse méi vun dem schéinen HG. ze gesinn, dee bloe Krees ass ganz.
Schwéier ze soe, wat méi wichteg ass...villäicht dach di éischt!?
Conley 25.02.2014 - 22:56
De Model ass jo och e Weibchen heegsten een Daach al, di gesinn meeschtens eréischt um Ënn vun hirem Liewen fatzeg aus. Männercher verteidegen hiert Revéier, sinn zimlech aggressiv an gräifen och mol een Villchen un. Wat de Cadrage an der éischter ubelaange, gesinn ech och esou wie's du. Den HG. Geet engem dann eben verluer. Och fir mech den besseren Cadrage! Wollt se och an der Original gréisst weise... Villäicht léiert een eppes draus! Villmools Merci fir de Komentar jorsch!!
Jacques 25.02.2014 - 17:06
Déi eischt gefällt mer am beschten och wat den Kadrage ubelangt.
Probéier mol matt enger Tounwerkorrektur:
Déiften op 16
Metteltéin op 1,05
Héischten op 242
dodurch stecht den Pimpampel besser vum Hannergrond of an du hues nach genuch Struktur an dem weissen vun den Flillecken.
Ass awer just meng perséinlech Meenungclosed_eye
gtaddei1 25.02.2014 - 23:54
interessant
Conley 26.02.2014 - 00:00
Ech hunn et probéiert Jacques! An de Päiperlek stécht besser eraus. Esou een ähnlecht Resultat hat ech och schonn. Leider ginn di donkel Flecken awer nach méi donkel. Ech sinn jo nach keen den gären Selektiv Beaarbecht. Gesinn et an liesen dat awer ëmmer méi oft! An hunn och schonn engem säin Réi esou Beaarbecht. Mäin Ziel ass dat sécherlech net! Ech mengen dann gëtt een Liddercher. Verléiert Motivatioun et esou gutt ewéi méiglech an der Kamera schonn hin ze kréien! Sou ze soen (De PC mécht dat schonn) Soen mir awer trotzdem dass Méiglechkeeten di een huet, an veschiddenen Fäll awer soll notzen. Wann Konditiounen beim Fotograféieren net Ideal waren.
Fir mech awer nach ëmmer en zwiespälteg Situatioun!
Merci Jacques fir deng Méi an de Komentaren!
Deng perséinlech Meenung hunn ech dach nach ëmmer akzeptéiert, an esou wäit ech weess du och meng!
Jacques 26.02.2014 - 15:36
Eng Foto komplett ze verschaffen ass och net meng Sach. Ech hat leider nach nie eng Foto wou ech net hun missen eng Korrekur machen, an wann et nemmen en Sensorfléck war deen ech gestempelt hunsmile
gemu 26.02.2014 - 08:58
Allen zwou ganz flott, hun awer eng liicht Preferenz fir di 1. wéinst dem Cadrage, an op der 1. wierkt den Hannergron méi rouheg hannert dem Pimpampel. Besonnesch ugedoen hun mir di schéin douce Faarwtéin vun den Bléien an engem wonnerbaren Kontrast mat der Struktur a mat deenen méi harden s/w Téin vum Pimpampel. Big like
Conley 26.02.2014 - 20:22
Am HG. waren ritz leider e pure méi donkel Platzen. An de Cadrage war hei jo schonn esou geplangt well ech de Still beim Fotograféieren schonn an den Eck gesat hat. Ech hunn mech deemools nach net méi no un't Päiperleken erun getraut. Net well ech se gefaart hunn closed_eye mä well ech nach net wüst op an wéi wäit ech se stéieren. Wann Luucht douce ass (am Schied) ginn Fotoen och meeschtens esou douce. Nodeel héich ISO,en fir dass Foto net verwackelt. Awer och manner Detailer. Ech probéieren dees Saison mol mam Reflekter ze schaffen. Well och am Schied kann een Liicht nach een bëssen lenken. Also méi niddereg Iso an méi Detailer.
Merci gemu huet mech gefreet däin Komentar ze liesen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 301 Gäscht online