Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Greiweldeng erwecht

 
Greiweldeng erwecht
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (12.02.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2014
  • Gekuckt:
    16265
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x703
  • Späicherplaz:
    815 KB
  • Originaldatum:
    Januar 2014
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Nikkor 18-55
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76851]
Kommentar vum Fotograf:
Fréi moies....

Op des muss een wirklech klicken ...
suraki 11.02.2014 - 21:03
flott gefällt mer , vir nach eng Grëtz méi donkel dat de Blëck méi an d'Mëtt gezu gëtt ?
Paul-H 12.02.2014 - 09:09
Merci, an fir de Rescht, siehe meng Entwert un d'Nicole.
Paul-H 12.02.2014 - 20:25
Sou, hun se ersaat...
Zora 11.02.2014 - 21:03
Errennert mech un Sleppy Hollow, kenns de deen Film?
Paul-H 12.02.2014 - 09:08
Schon dervun héieren, mee nach net gesin.
Zora 12.02.2014 - 09:52
dann kuck en emol, do passt déi Stemmungclosed_eye
Paul-H 12.02.2014 - 20:25
Maan ech dann mol bei Geleenheet....

An Merci fir den Fav. Zora !
micky-maus 11.02.2014 - 22:51
Ann hunn geklickt.
Muss dem Ed Recht ginn. eppes mei daischter fier, well dei Hecken bessi ooflenken, awer eng MEGA Stemmung ann flott Bea.
Paul-H 12.02.2014 - 09:08
Merci Fränk, fir de Rescht: Siehe meng Entwert un d'Nicole.
Paul-H 12.02.2014 - 20:25
Sou, hun se ersaat...
micky-maus 13.02.2014 - 03:14
Schneid ennen nach een Steck oof, dann mist awa gudd sinn, denken ech mier, waat mengst Du dann, paul ??
Paul-H 13.02.2014 - 08:19
Hmm, gett se dann net e bessen zevill platt ?
micky-maus 13.02.2014 - 10:34
Wann's Du se esou gudd fenns, Paul looss se esou sinn, well se gefällt mier extra gudd, daat matt dem oofschneiden ass nemmen esou eng Idee fier ze probeieren.
Paul-H 13.02.2014 - 11:59
Also d'Iddi a sech ass ganz gudd, ech probéieren mol den Owend, mee ech färten eben dass se dann zevill platt gett, obwuel daat mech lo net stéieren géif, mee ech liesen mol sou remarken hei...
Waat mech méi stéiert lo, ass dass se riets e bessen vill däischter ass..., kukken och mol nach duerno.
Ech lueden se awer nemmi nei rop hei, si ass lo an der Oofstemmung vun fiir d'WF, ech denken net dass enn duerno nach eppes soll hei änneren....., ech mengen daat wir e Bedruch un deen wou se an Oostemmung "gedreckt" huet, well si huet deem jo dann sou gefall wéi se lo ass.
micky-maus 13.02.2014 - 12:03
Rischteg, doo ginn Dier vollkommen Recht. dorunn hunn ech mol net geduecht.....
Nicole 11.02.2014 - 23:28
mir gefällt déi Foto gut, mein Fierschlag wir - fier mindestens 1 cm, also bis dur wou déi Heck lenks an d'Bild leeft ofschneiden, an dann ouwen lenks den Himmel esou ofdonkelen dass daat Ausgefriessent eweg geet, an och ouwen nach en halwen cm ewech schneiden dann sin déi 2 ausgefriessen Platzen lanscht de Boer eweg, an dann eben och fier bis bei d'Heiser ofdonkelen - wéi schon hei gesot, ech denken dass daat Bild derwert ass fier Verbesserungen ze maachen...
Paul-H 12.02.2014 - 09:07
Daat doen ass wirklech eng super Analyse vum Bild déi ech versichen wärt emzesetzen, Merci Nicole !
suraki 12.02.2014 - 09:25
cool dat nennen ech sech Méih ginn fir en Kommentar ze schreiwen ... ech mengen du bass elo mäi Virbild smile
Paul-H 12.02.2014 - 20:24
Sou, hun se ersaat...
suraki 12.02.2014 - 20:37
mmmmm ... lo ass mer den Eck zevill ofgesoff ?
Paul-H 13.02.2014 - 18:55
Stemmt, gesin ech lo jo och selwer sou, siehe meng Entwert un de Fränk (micky maus): Well se awer lo net méi ersetzen well se mettlerweil an der Oofstemmung fir d'WF ass, daat wir net éierlech.
suraki 13.02.2014 - 20:00
smile
Nicole 13.02.2014 - 17:21
smile smile
Nicole 13.02.2014 - 17:21
smile smile
Paul-H 12.02.2014 - 20:24
Sou Nicole, hun se mol sou geännert wéi vun Dir virgeschloen, ech hoffen ech sen zumindest an d'Géigend vun deem komm waats Du der firgestallt hues. Si ass zwar lo riets ennen zimlech vill däischter, mee sou gefällt se mer insgesamt selwer vill besser.
jorsch 12.02.2014 - 19:38
Mir gefält di aussergewéinlech Faarwstëmmung, sou "glauque". Erënnert mech e bëssen u Waasser.
De orangen Himmel mat der Sonn bidden e schéine Kontrast dozou.
Gefält mer ganz gutt!
Paul-H 12.02.2014 - 19:52
Merci Jorsch....
MJF-Photography 13.02.2014 - 10:19
Wonnerschein, an als Belounung fier daut freit opstoen an des super Foto geht et eng Stemm closed_eye
Paul-H 13.02.2014 - 10:29
Hey, super, Merci villmols !
Nicole 13.02.2014 - 17:26
daat geseit schon besser aus, kann awer ënnen nach e klengt Stëck eweg well de Sujet ass d'Duerf mam Niwel an nët fier de Bösch, si gët nach méi Panorama waat och ok ass, an den rietsen ze deischteren Eck mat ofwedelen obhellen, nët d'ganz Foto ....
suraki 13.02.2014 - 18:07
genau smile
Jean-Marie 14.02.2014 - 12:05
Dei Stëmmung mam Sonnenobgang an deem lichten Niwel gefällt mir ganz gut
Paul-H 14.02.2014 - 14:26
Merci Jean-Marie, freet mech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 541 Gäscht online