Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Reiberméck

 
Reiberméck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.02.2014
  • Gekuckt:
    39397
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/5 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    225 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1529x1200
  • Späicherplaz:
    595 KB
  • Originaldatum:
    2012.06.07 20:19:19
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Simgma 150mm
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=76827]
Kommentar vum Fotograf:
an der Owesluucht
Foto ass nach vun 2012 wou ech grad ugefangen hunn interesséiert ze Fotograféieren. Läscht Joer hunn ech leider keng fonnt, fir et besser ze maachen! Eng kleng Geschicht zu der Foto. Do souzen der eigentlech zwou. Di waren awer net Parallel zum Sensor. An do ass nach eng Seechomes andauernd erop gekrabbelt komm, an huet di ritz Méck generft. Si huet ëmmer mat heftegen Beweegungen mat engem Been no ënnen geschäert fir Seechomes ze verdreiwen. Bis se Flemm hat an do ass se leider fort geflunn. War Witzeg deem Spillchen do no ze kucken. Bedingunge wat Loft ubelaangt hat ech just hei, an duerno bis haut ni méi. Et geet eigentlech ëmmer eng kleng Lëftchen och wann een se net spiert. Bei der Makrofotografie wackelt eigentlech ëmmer eppes. Sief et de Spigel deen an Luucht a erof klappt an't Opnam verwackelt bei verschidden Beliichtungszäit. (+/- 3 bis 1/60 Sekonn) Oder een Hauch Loft. Mat der Spigelvierausléisung um Stativ, Spigel erop klappen (en bëssen waarden) an Foto maachen. Selbstverständlech net ouni enger Fernbedienung kann een dat awer an de Grëff kréien.
Vill Gedeessems, an fir déi nächst Saison ass schonn de Makroschlitt drop. ;-)
Autumn 09.02.2014 - 20:45
Eng super schaarft dodranner, gefällt mer immens gutt
Conley 10.02.2014 - 17:37
Merci Autumn
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat
jorsch 09.02.2014 - 20:55
All Hoer ass am Géigeliicht ze erkennen. Eng fantastesch Schäerft mat der zouener Blend. Flotte Faarwkontrast mat dem HG. E super Macro!
Gefält mir exzellent!
Conley 10.02.2014 - 17:44
Freet mech ze liesen. Merci jorsch!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
gtaddei1 09.02.2014 - 21:10
ewei et sin soll iwerall scharf.. bravo
Conley 10.02.2014 - 17:46
Merci gtaddei1!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Zora 09.02.2014 - 21:26
wwat eng schéin Foto, superclosed_eye
Conley 10.02.2014 - 17:56
Merci gesot Zora!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Gaga 09.02.2014 - 21:52
do muss een drop klicken, schein Schärft. ech kann mat Macro net vill ufänken, evtl nach wann se mei an dat abstrakt erangin. mais et as erstaunlech wat meiglech as, ech wees wei sensibel den Fokus bei sou Motiver as, dei Gedolt hun ech netbigsmile
Conley 10.02.2014 - 18:05
Di Gedold muss een awer bei Makroen hunn, an gären op de Knéien rutschen bigsmile
Merci Gaga!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Maimonides 09.02.2014 - 23:59
Top di do, Conley.
Conley 10.02.2014 - 18:06
Merci Maimonides!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Maimonides 12.02.2014 - 23:45
Di " kleng Erklärung " , Conley,
am Kommentar,
leesen ech ëmmer.
Conley 13.02.2014 - 00:20
Di kleng Erklärung hunn ech eréischt nodréiglech dobäi gesat! Am Ufank stoung do net vill. Well ech mir dat een bëssen méi einfach wollt maachen. Hunn ech no een pur Komentaren méi geschriwwen!
Awer sou soll een et jo maachen Maimonides alles léisen!
Jeanny 10.02.2014 - 07:06
Free mech wann se erëm fleien,smile
ass dir wonnerbar gegleckt
Conley 10.02.2014 - 18:11
Ech och, an hoffen dass ech net alles mat der laanger Paus erëm vergiess hunn!
Merci gesot Jeanny!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
rosch2014 10.02.2014 - 09:11
Ech kann mech nemmen deenen aneren unschleissen. Et as alles gesot.Super
Conley 10.02.2014 - 18:14
Merci gesot rosch2014!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Jacques 10.02.2014 - 09:35
Chapeau Roger, déi ass exzellent an fir mech een vun deenen schéinsten Makroen deen hei um Site ass!!
Gesin dass d'Foto vun 2012 ass an sin e bessen verblüfft dass du eis deen schéinen Makro esou lang enthaalen huest fir eis dermatt ze verwinnenclosed_eye wann ech en vergleichen matt deenen Makroen déis du eis duerno gewisen hues. An ausserdem froen ech mech virwat dass du wolls konstruktiv Kritiken hun wei een et kann besser machen,bei dengen aneren Makroen? Desem Makro no ze urteelen deen an mengen Aaen perfekt ass, wees du jo awer wéi et geetclosed_eye
Conley 10.02.2014 - 19:47
Un där Foto hunn ech schonn ganz oft gespillt, an bis Geeschter war se grujeleg! Eigentlech sinn just Tounwäetkorrekturen geännert ginn (an och vill Flecken eraus gestempelt)een Héichpassfilter 1 an mat strahlendeslicht aneneen kopéiert. Entrausch an de Lightroom zeréck an verklenger. Exportéiert ouni no ze Schäerfen. An do war Louder endlech gutt genuch fir se ze weisen. Also méi schnell hunn ech hei nach keng fäerdeg Foto eropgelueden! Bei dëser kéint een och eng konstruktiv Kritik schreiwen, och wann ech weess wat hei besser kéint sinn. Weess ech awer nach laang net ëmmer wéi ech et besser maachen kann. An der Bea ass méin wëssen nach zimlech kleng. Op een do mam Cs6 mat Masken an sou weider soll hantéieren?
Och dir Merci gesot Jacques!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Jean-Marie 10.02.2014 - 10:11
Immens flott dei doten,
Wei mess du dat fir bei enger 1/5 Sec net ze verwacklen,
Benotz du en Stativ ?
Conley 10.02.2014 - 19:49
Merci Jean-Marie!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Hubi 10.02.2014 - 11:02
beandrockenden Makro, stark Aarbecht!
perfekt Luucht, alles passt.
Conley 10.02.2014 - 19:50
Merci Hubi!
Eng kleng Erklärung iwwert Foto hunn ech uewen dobäi gesat.
Scyv76 12.02.2014 - 14:30
Fantastesch déi dooten Roger, hun se elo réicht gesin. Immens dass de mat enger 16'er Blend nach konns esou schéin fréistellen. Wéisst net waat ech do nach als Verbesserungsvirschlo kéint schréiwen. Genial.
Conley 12.02.2014 - 22:51
Merci Yves!
Jean-Jos 18.10.2014 - 14:00
E perfekte Makro, wou et awer och flott gewiescht wär d'Säiteluucht als Géigeluucht ze gesin.
Conley 20.10.2014 - 18:32
Am Géigenliicht wier sécher och schéin geweecht, awer deen Moment hätt een Reiberméck missen ëm 45 Grad dréien, ëm déi Auerzäit wier se sécher fortgeflunn. En plus maachen ech dat net. Beaflossen vun der Natur beschränken ech (de Moment op allefalls nach) leedeglech op de minimum mol eppes ewech béien (Hei war dat mol net néideg) oder Moies mat der Planzenklaamer stabiliséieren.
Nach géing ech mengen dass ech datt deemools net fäerdegbruecht hätt, eng 100% Géigenliichtsopnahm ze realiséieren!
Merci gesot Jean-Jos!
Jean-Jos 20.10.2014 - 19:30
No eisem Austausch verstin ech dat ganz gutt.
Ganz intressant däi neie Kommentar.
Conley 20.10.2014 - 20:14
Freed mech, Merci Jean-Jos! Lueden demnächst mol nëss hei op PG eng Foto erop.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 372 Gäscht online