Villmools Merci Lobo, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut
An och merci fir den Favorit ech wees zwar elo net wat dat bedeit wann eng Foto als Favorit gesat get..
Salut Jean-Marie,
hun mech mol e bessen matt dengen Fotoen befast an wanns du eppes géifs drun änneren dann wären se nach besser.
Nummer 2,4 an 5 gefalle mer am beschten.
Bei Nummer 1 stéiert e bessen den Hannergrond an Nummer 3 ass leider onscharf.
Du weis deng Fotoen ganz grouss wat ech och flott fannen mee wanns du se méi genau kucks dann geséiss du zumolls am Hannergrond dass d'Qualitéit drenner gelidden huet.
Ech war esou frei deng Fotoen erofzelueden an hun festgestallt dass d'Jpeg-Qualitéit op 8 war( wahrscheinlech fir ennert 900kb ze bleiwen)
An dofir ass d'Qualitéit vun dengen Fotoen net esou gudd.
Wann du den Original méi kleng mess an matt voller Qualitéit(10) an Jpg emwandelst esou dass se ennert 900kb bleiwen dann sin se wonnerbar.
Du kanns se och nach licht entrauschen an dann sin se top
Probéier mol
Supper , ech sin emmer frou iwer sou een konstruktiven FeedBack, nemmen esou kann ech eppes beileieren.
Dat mat der Obleisung an der Jpeg Qualiteit hun ech effektiv gemeet well den System bei der Greisst vun den Fotoen gemeckert huet an ech hun dun radikal verklengert an och net nogekukt. Ech wert dei nächsten Keier do besser obpassen an sou weis du sees fir d'eischt Foto Obleisung ob 800 bis 1000 Px eroofsetzen. Ech probeiren dat den Owend och mol direkt aus.
Mat der Onschärft sin ech e bessen um verzweifelen. Mein 70D produzeiert mir relativ vill onscharf Biller obwuel ech selektiven Focus ob d'A machen. Sie sin net verwackelt mee einfach net scharf
Mat dem entrauschen do muss ech mech bessen schlau machen hun mir den PS erreicht virun kurzem ugeschaft an sin do nach absolut net fit mee mat den Filteren oder bei der Raw Entwecklung misst do jo eppes ze machen sin. Jiddefalls villmols merci dass du dir Zeit fir meng Fotoen geholl hues an och fir all eenzelnen Tipp dat brengt mech bestemt weider.
Gärgechitt
Bei där 3.Foto déi onscharf ass, kann et vielleicht sin dass du deng Kamera agestallt hues op "Auslösepriorität" anstatt op "Schärfepriorität". Ech hat och schon deen Problem an wéi ech se dun emgestallt hun wart et ok, well sie leist dann erreicht aus, wann d'Schärft agestallt ass. Dat ass eng Méiglechkeet, mee et muss net onbedengt dorunner leien.
Ech mengen beim Canon kann een dat net esou direkt astellen. Bei Serienobnahmen kann een verschiden Parameteren änneren dass en erreicht ausleist wann scharf gestalt ass.
Mee ech machen meng Obnahmen meeschtens am "Einzelbild" mat "One Shot" an do soll am Prinzip emmer Schärfenpriorität sin.
Heinsdo huelen ech och "Al Focus", an deem Modus ännert en automatesch bei Bewegung ob "Servo" Betrieb an do keint dat effektiv den Problem sin , dat muss ech mol an der Gebrauchsanweisung nosichen. Dann passen ech do mol an Zukunft dorop ob