Mengste J-L ... deen faellt net ... well hien am fong am Deiwen vun ais all nach bestoen bleiwt, esou ewei vill anerer aus senger Kategorie... am fong ass seng Essenz och ais Essenz ... Dofir verfaellt hien, versteppst hien , hien get begruewen awer emmer oprecht ... Et ass mool net religiös waat ech soen an nach manner Göttlech mé reng nemmen Mënschlech
Jo leider fällt ën nët .. weder hien nach déi anner .. au contraire .. et gët ëmmer méi Fanatiker déi alles géifen machen fir HIERT Weltbild duerchzesetzen.
Eng archetypesch Illustratioun vun engem Zëmmermann den virun 2000 Joer gelieft huet an anscheinend 12 Schüler hat, vun deenen nëmmen déi mannsten säin Wuert richteg verstanen hunn. Awer dofir hunn déi nofolgend Unhänger eng Institutioun draus gemaach, an an sengem Numm an mat enger pervertéierter Versioun vun sengem Wuert déi gréissten Genociden vun der Mënschheetsgeschicht begaangen. An du hues déi Illustratioun, virun der keen Mënsch méi an dem Haus Respekt hat, an d'Trap gestallt an se bildtechnesch flott an Scene gesat.
Merci JC... rien à ajouter .... Den St thomas leiert ewei grouss hien ass ... an ewei hien och vun den Hinduen Buddhisten an an an immens apprecieiert gin ass ... Dese Symbol ass de Verfall vun enger Hoffnung ... eng Hoffnung enges Daages all an Harmonie ze liewen ... Am fong et ass de Gang vum Krieps...
Schéin... Iergendwou ass schonn alles an Balance an och an Harmonie. Wat déi eng Säit geholl gëtt, muss déi aner Säit bäi kommen. Et kennt näischt bäi an et geet näischt verluer. Ob mir elo eisen Planéit zerstéieren an der Ignoranz vun engem decken Ego-Trip ass eng Saach. Awer och dann ass nach ëmmer alles an Balance... mat enger bloer futtisser Kloake an der Mëllechstrooss. "You have to reap for a seed that's been sowed." Wat all eenzelnen vun eis mécht bleift schlussendlech him iwwerlooss. Déi wéinegst, villäicht 1 Persoun vun 10 Milliounen, maachen d'Ae op. Déi aner maachen et "wéi all Mënsch", laut hirer pervertéierter Definitioun vun deenen dräi N: "Normal, Natierlech, Noutwendeg". Nëmmen déi wéinegst sinn net wéi all Mënsch an halen op dat Spill matzespillen vum Konformismus fir eng Harmonie ouni Konflikter ze liewen an "sech" esou opzeléisen. Sou ass et och dass leider bei Villen an engem gewëssenen Alter et just nëmmen nach den Kriibs ass, wat wuessen kann.
Merci villomols ... mé ech mengen et ass net eng Questioun vun der Chutte vum Symbol mee vun vill Méi... Et ass d'Glotifikatioun vun Fremden götter ... Money Money Money (cf Pink Floyd)