Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Foto,

 
All Fotoen an dëser Serie:
39390 Thumbnail
39391 Thumbnail
Eng Foto,
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.12.2013
  • Gekuckt:
    9553
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Originaldatum:
    2013.07.26
  • Fotoapparat:
    D800
  • Objektiv:
    Nikon 24-70mm 2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76089]
Kommentar vum Fotograf:
oder sinn et der villäicht méi...?
Mol een Opruff un eis méi nei Leit (natierlech och un jiddereen deen schonn méi laang dobäi ass) hei um Site, einfach mol dat se schreiwen wat der gesitt an denken. Wei der Fotoen gesitt wat gefält oder och net...nëmmen iwwert kritescht Komentaren kann een och vir sech selwer eppes leieren!
Einfach mol frei Liewer seng Meenung soen! Eng Kritik ze schreiwen fannen ech selwer och schwéier, an awer ass et einfach! Wann se éierlech gemengt ass, wat fannen ech gutt un der Foto an wat kéint een villäicht besser maachen. Dann ginn Kritiken am Prinzip och ganz gutt ugeholl oder Akzeptéiere. Ech huelen zwar un dass weider keen dat léist, wollt dat awer mol lass ginn.....
jorsch 14.12.2013 - 20:57
Hunn alles gelies, ginn der ganz Recht a schreiwen emol:

Di faarwech gefält mir hei besser. Do wierkt d'Façade ewéi en Hannergrond an enger Ausstellung op deeër verschidden aner Tableauen hänken, an zwar flott gruppéiert no Faarwen ( gréng, rot, blo ), Déi dräi Biller riets bilden och eng Eenheet, hei dominéiert allerdéngs d'Struktur vun der Trap, déi uewe riets passt an d'Rei ( blo ) an an d'Kolonn ( Trap ).
Bei der SW-Versioun kommen dëss Ënnerscheeder net esou zur Geltung, awer hei kritt di Sonnenauer(?) mat hiere grafeschen Elementer méi Gewiicht.
Eng ganz spannend Foto mat vill ze kucken!
Conley 15.12.2013 - 23:30
Ups déi Zopp muss ech dann awer selwer ausläffelen! Keen Neien den sech getraut huet, wat ech schued fannen! Et huet mech gefreet däin léierräichen Komentar ze liesen. Ech wollt hei eben just drop hiweisen dass et eigentlech einfach ass een Kommentar ze schreiwen (oder keng Angscht muss hunn et ze probéieren) vill Aarbecht an Zäit kascht dat awer, dat ass sécher! An net jiddereen kann dat esou wéi's du. Awer dat kann een mat der Zäit léieren. Och wann een net ëmmer, Salop gesot den Nol op de Kapp trefft als Neien. Vum falen léieren Kanner eréischt goen! Fir mech war dat och eng Sonnenauer di just Zäitlech begrenzt ass. An den Moment hat ech leider verpasst.
Merci gesot jorsch!!
icylady 15.12.2013 - 11:39
ech fannen et eng ganz gelongen Kompositioun, farwlech harmonesch, grafesch interessant
den Zeiger vun der Sonnenauer stéiert mech perséinlech e bessen, mee daat ass affaire de gout
déi Opnahm léist bei mir een Gefill vun Summer, Liicht an Lichtegkeet warm Temperaturen, villeicht een Vakanzengefill opkommen
eng flott an interessant Arbecht déi weist waat een alles kann realiséieren, also een Usporn fir mol méi kreativ ze sinn smile
Conley 16.12.2013 - 20:22
Foto ass zu Augsburg an der Pfladergasse op engem zwëschen Stop fir an't Vakanzen gemaach ginn. Also läis de mat dem Vakanzen Gefiller ganz richteg. Wann di Sonnenauer net do gewiescht wier hätt ech Foto villächt net gemaach! Deng éierlech Mënneg fannen ech awer ganz gutt. Ewéi's du dat gesäis! Bild wier dann méi reduzéiert. Wat Kreativitéit ubelaangt, oder de Bléck ze schäerfen mat oppenen A duerch Léiwen ze goen. Dat geet komescherweis, ech soen mol einfach ganz spontan an sinn selwer iwwerrascht, well dat klappt ëmmer besser.
Merci fir däin Komentar icylady smile
bac 15.12.2013 - 11:57
Ech hun den Kommentar zur Foto ganz gelies Rosch.
Als eischt denken ech un "3". Weinst der Unourdnung vun de Fensteren, an den 3 Faarwen an denen 3 Dreierreihen, an den 3 Traapen bei denen aneren 3 Fensteren. Ech fannen ett en interessant Motiv, mä ett ass mer zevill "decoration" un der Fassad, hei wieren manner geometresch Formen besser gewiecht. Du hues daat awer gutt festgehaalen, ah jo déi faarwech ass vill besser. D'Motiv errennert mech irgendwéi un d'Schweiz.
Conley 16.12.2013 - 20:46
Et war grad di aussergewéinlech Sonnenauer di mir sou gutt an der Kombinatioun mat de Fënsteren gefall huet. Awer ouni den Zär an Zifferblieder, wir Bild dann méi reduzéiert.
Wat sécherlech ganz flott wier. An och net onméiglech ze maachen. Awer op ech dat proppere hin kréien, bezweiwelen ech. Merci och fir deng Meenung an de Komentar Rom!!
Jean-Jos 15.12.2013 - 11:59
Obschon ech sw-Fotoen immens appréciéieren, sin ech och der Meenung, datt déi faarwég héi vill méi transposéiert, de jorsch huet dat richtég gutt beschriwwen.
Däi sw ass ganz gutt an de Growäerter, et kéint vläicht nach eng Grimmel méi Struktur dra sin, dat ass awer a.d.g.
Conley 16.12.2013 - 21:09
De jorsch kann dat ganz gutt! Sou no beieneen ass di faarweg sécher besser. Strukturen hat ech een bëssen miniméiert, probéieren dat dann nach en kéier. Merci fir den Tipp an deng Meenung Jean-Jos!
MsJarryman 15.12.2013 - 12:50
Ech mengen net, dat der hei vill sin, déi d'Kommentaren net liesen, me et ass als Laien net ëmmer evident eng Foto ze beuertelen oder ze analyséieren. Schued ass och, dat denen Neien hier Biller praktesch nie, oder net oft e Komment kréien, wéi sollen déi sech dann trauen selver eppes ze schreiwen.
Zu Denger Foto, fir mech och déi faarweg, kënnt besser eriwwer.
Jean-Jos 15.12.2013 - 12:58
Gudde Kommentar MsJarryman.
Mir fällt allerdéngs generell op, datt nët vill Kommentarer hei méi gemacht gin.
Et ass verständlech, datt nët jiddereen permanent Zäit dofir huet, awer déi läscht Zäit ass et wierklech roueg hei (och mat Fotoen eroplueden, wat awer vläicht déi selwécht Uursaachen huet).
Conley 16.12.2013 - 21:21
Dat ass sécher net einfach, an fält mir nach ëmmer schwéier. Wann et dann méi wie gefält mir soll sinn. Schued ass et dass net méi vill Leit hei sinn, an och dofir net esou vill geschriwwen gëtt. Wou di Nei Leit dann leider schlecht ewech kommen. Sech trauen selwer ze schreiwen, do kann een jo awer kleng ufänken. Dat muss jo net direkt eng ganz Analys vum Bild sinn. Wann een gefält schreift, gefält jo eppes. Mol einfach schreiwen wat dann gefält, Faarwen Motiv Liicht de Wee deen sech duerch Bild zitt. Dofir brauch een sécherlech keen Geleierten ze sinn. Et muss just éierlech gemengt sinn.
Merci fir deng Meenung MsJarryman, och zu der Foto!
gtaddei1 15.12.2013 - 20:17
Kritik: Unter Kritik versteht man die Beurteilung eines Gegenstandes oder einer Handlung anhand von Maßstäben (Wiki etc etc)
Elo waat sin dann d'Referenzen nodeems mir eng Kritik maachen?
1- Opbau? règle des tiers, farwenkontrat, Liesrichtung, Deift vun der Foto,
2- De Sënn? op dei den direkt duerch kennt?
3- Realistesch, Surrealistesch, Modernistesch, Zeitgenössech Pictorialistesch etc etc...

Wien ass dén Kritiseiert? oder en jugment oofget?
Eng Kritik ass oft Autoreferenziel ... an dofir ass et net emmer wichtesch eng Kritik ze schreiwen , mé ech fannen dass mei diskussioun em den thema oder d'gefiller dei en Bild ausdrecken wellen mei wichtesch sin.

Cf d'Foto vum Antonio zB ... d'foto ass richtesch op enger Autoreferenzieller art an weis kritiseiert gin... Et hhat villeicht mei en groussen impakt gahaat op dech ewei Zb D'Wochefoto...

den eye catcher ass mei Autoreferenziell fir ais Jugend, ...
dem Maimonides an dem Obskur seng fotoen sin jo net daat selwescht ewei eng Macro foto...

Dofir kennen net al fotoen dei selwescht kritik verdengen (evident)

Eng Consideratioun iwert eng Foto soll emmer akzepteiert gin well eben sie existeieren nemmen an nemmen duerch de regard vun denen dei d'Fotoen kucken ...

Et get keng schlecht Kritik... an awer och net eng gudd...

Mol elo dem Schluck seng Wochefoto... Do kennt alles duerch ... agressiviteit vun sanger, d'Perfektioun vun der Lucht asw asw... en Symbol vun der Hard Rock szen...
Wann mir elo dei mat denger vergleichen... sin mi total op engem aneren niveau ... ech interpreteiren deng net gaeren mé loossen meh just nemmen beandrocken
Conley 16.12.2013 - 21:38
Dat ass schwéieren Kacht fir een otto normal Verbraucher. Kritik ass alleng schonn seng Meenung soen, de Numm selwer klengt zwar ëmmer sou negativ. Kann een dann gären och eng Diskussioun nennen. Do maachen ech lo nach keen ënnerscheed. Regelen sinn och wichteg, kennen awer och gären mol geännert ginn. Wann Resultat stëmmeg ass. Et ass sécher dass dem Schluck seng Foto an enger anerer Liga spillt ewéi eng Fassad! An dann och aner Kommentaren verdéng huet! Dat ass och gutt esou! An soll och esou sinn!
Huet mech gefreet dass de der d'Méi gemaach hues dat am Detail ze schreiwen. Villmools Merci gtaddei1!!
gtaddei1 17.12.2013 - 14:51
Ech hun net dem Schluck seng Foto virun denger gesaat , am contraire. Hun wollten soen mat "verdengen" dass se vun der Jugend mei ungeklickt get, an vun hinnen och mei small talk dobai geschriwen get... bei denger muss een iwerleen, kucken, sie ass net direkt opschons se net komplizeiert ass an sech. Wollt just soen dass et dovunnen oofhaengt waat gewisen get an daat ass evident.

Mei wichtesch ass fir mech dass een d'Wuert " Autoreferenziell" versteht... daat heescht dass mir an eng Foto de Sënn drann gesinn deen aus aisem Verhaalt kennt...
Dofir ass et wichtesch sech eng gudd Kultur iwert d'Fotografie ze maan, an net nemmen teschnech...


Conley 17.12.2013 - 23:54
Huet mech gefreet dass de der d'Méi gemaach hues dat am Detail ze schreiwen. Dat war op däin ganzen Komentar bezunn. Op kenn Fall nëmmen op dat wou et ëm dem Schluck seng Foto gaang ass! Do hunn ech mech just schlecht ausgedréckt. Sinn leider keen Kënschtler an der Fieder! An hat och keng schlechten Gedanken! Ëm Schluck seng Foto ass eng wonnerbar Momentopnam. An wier fir mech ouni di Pos déi Iwwerdimensional Fauscht (wat eng schéin déift an't Bild bréngt)dat rauschen duerch den heegen Iso 6400 net dat wat se elo ass. Ewéi wann se an Studio gemaach gi wier Technesch Perfekt. Dausent Fotoen an eng eraus gesicht. Ech hunn et och net esou opgeholl dass de seng virun meng gesat hues. ( Die Dinge liegnen immer in der Sicht oder den Augen des Betrachters) Ech mengen dat wier en Zitat, an keng Uspillung op däin éischten Abschnitt. An verstinn och ganz gutt ewéi's de dat hei beschreifs. Ëm vill klicken geet et mir schonn laang net méi. Autoreferenziell mengen ech verstinn ech ganz gutt duerch deng Erklärung. Oder och alt erëm net? Meng Interpretatioun wier Einfach gesot de Sënn den een aus oder an enger Foto eraus kann liesen. An duerch Erfarung am Liewen oder eichter duerch Fotografie säin Horizont am Liewen kann erweideren. Lous an lous een besseren Duerchbléck ze kritt oder säin Bléck ze schäerfen.
gtaddei1 18.12.2013 - 00:49
Absolut... an emmer mei kreien d'Fotoen och e Sënn wann én d'intentioun vun der Foto och e bessi kennt.
Den Haer dén mir d'Foto e bessi beibruet huet haat mech emmer gefroot... Firwaat hueste dei Foto gemét?...vun do uns hun ech vill manner Fotoen gemét.

Conley 18.12.2013 - 01:20
Mar den Owend mei Wecker 6.00 unhappy
Conley 18.12.2013 - 23:35
Esou een Här oder Mentor den dir an der Fotografie en bëssi eppes bäibruecht huet, dënn fehlt
mir! Soen mol einfach dech an di richteg Richtung gidéiert oder geléngt huet. Mat einfachen Froen vill bewierte huet! Awer och nëmmen well's de dech domadder beschäftegt hues. Wat mengt deen oder wat soll den Komentar oder di Ausso elo. Einfach eng Kritik ouni Arroganz un ze houlen, an't Urteeler op sech wierken loossen. Wat fir mech wichteg ass!
gtaddei1 22.12.2013 - 17:18
E Mentor ... diskuteiert mat dir iwert de Waert vun enger Foto.
Dei Teschnech Questiounen... dourno awer ass vill mat Kollegen diskuteiert gin... an haaptsächlech mamm Zerebruy, Maimonides, Jean Jos ...asw asw.. iwert d'interpratioun hai un site gebloggt, an iwerhaupt net iwert d'Scheinheet vun der Foto... genau ewei elo
Dann natirlech e bessi iwert Philo vun der Foto gelies...
Et ass jo meeschtens eng evolutioun.
gemu 16.12.2013 - 09:28
Lu et approuvé !

Ennerschreiwen och dem MsJarryman seng Bermierkung .

Ech fannen di faarweg Foto vill méi uspriechend, fannen grad di verschidden Faarwtéin an enger Hausfaçade immens flott an daat geet bei der s/w total ënner
Conley 16.12.2013 - 22:13
Lu et approuvé!
Och dir een decken Merci fir deng Meenung an de Kommentar Georges!
Zora 16.12.2013 - 20:28
Also ech als Néien soen mol, den Besetzer vum Haus ass kurzsichtig, an hued dofir esou eng grouss Auer gebraucht! An dann muss sch soen, dass mer déi Fahrweg besser gefällt, well méi Faarw dran ass.

Also am groussen Ganzen eng ganz geckeg Foto, déi mär gut gefälltclosed_eye
Conley 16.12.2013 - 22:15
Dann kéint et och mein Haus sinn! sad
Du gees hei awer lo net méi als Néien duerch, hei gëtt net gefuddelt. closed_eye
Merci gesot Zora smile
Zora 17.12.2013 - 07:36
Ahsou ertapptclosed_eye
Miau 16.12.2013 - 21:30
die 3 verschidden Faarwreihen sin de Clou bei dem Photo, dofir "ausnahmsweiss closed_eye" leiwer di faarweg Versioun
Conley 16.12.2013 - 22:28
Ausnahmen bestätegen dann och emol Regel closed_eye
Merci Miau!
leena 17.12.2013 - 00:17
Mir perséinlech gefällt déi Foto ganz gutt. Fannen et flott, wéi op all Etage eng aner Fawstëmmung herrscht- blo, brong, gréng. Dofir hunn ech déi faarwech och léiwer wéi déi SW. Bei der SWFoto hätt ech mir perséinlech méi Kontrast gewënscht - d Lichter also méi hell an d'Tiefen e bëssen méi donkel. D' Sonnenauer matt der Diagonal brëcht die 3er Widderhuelung vun de Fënstere, wat ech ganz gelonge fanne an wouduerch dat ganz e bësse Spannung kritt, well ouni di Auer géing et menger Meenung ze vill monoton wierke. D'Auer ass souzesoe fir mech den 'Held' vun der Foto smile Ech kéind mer zudem virstellen, d Foto och nach sou ze croppen datt den Ofstand zu de Fënstere lénks a riets den nämlechten ass, an dat dann och uerwen an ënnen. Mech errënert des Foto stark un d'Molereie vum Kasimir Malewitsch -> Suprematismus.
Conley 17.12.2013 - 20:28
Beim S/W do sinn ech am Diagramm vum Lightroom, wann Häckecher ageschalt sinn. Schonn zimlech um Enn. Kucken wat sech nach maachen léist! Wat d'Sonnenauer ubelaangt freeën ech mech och nach eng aner Meenung ze liesen, di mir och gutt gefält. Beim Cadrage do war ech schlampegt! Ënnen ass mat der Rumm de rächt vum Iwwerdaach vun der Dier verdeckt ginn. Do hätt ech gären sou vill wéi uewen gehat. Awer d'Symmetrie vum Cadrage kéint vill bessers sinn!
Ech hunn lo mol en bëssen iwwert deen Häre do no gefuerscht. Deen war een bëssen der Zäit viraus. Do sinn ganz flott Biller derbäi, an mam Suprematismus dat kéint hin kommen. Do huet een sech Inspiréieren gelooss.
Villmools Merci leena fir deng Konstruktiv Kritik an deng Meenung!
Jeanny 17.12.2013 - 07:15
hei sinn ech fir dai mat der Faarw, ganz flott
Conley 17.12.2013 - 20:32
Merci Jeanny freet mech, an stemmen der gären zu!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 485 Gäscht online