Flott Atmosphär, gudde s/w, fir d'Bild nach méi schéin ze maachen, géing ech perséinlech ënnen e Stéck ewech loosseen ( deen Treppléck gesäit einfach ze héich aus a passt net sou gudd an d'Traap), a versichen, d'Liicht vun de Lanteren e bessi oofzedonklen.
Dëst sollt awer just eng Suggestioun sinn,
et ass awer e ganz gutt Bild an et gefällt
Majo Trap wollt ech och nach ënnen ewech man mä hunn schonn wierklech vill ewechgecropt dass een déi Fra iwwerhapt nach erkennt. Ech kann leider net méi vill ewechhuelen wann ech iwwerhaapt nach well besser méi grouss printen.
grins, ech hoffen Du hues dann nach vill Plaatz un Denge Mauren doheem!
soll lo awer net schlecht gemengt sin,
ech sinn och Fan vum Print, mee op eemol sammelt een dat nach just an engem Dossier, an domat huet et sech
Hunn hei schonn laang net méi een Bild sou laang gekuckt. Ech kann mir bei dëser Photo souvill Geschichten virstellen. Fir mech stëmmt hei alles an ech géif hei näischt méi drun dréinen.