Flott Grotéin, e bësse Liicht, eng bësse Struktur ( Muschelen? ) vir am Waasser, awer besonnesch di aussergewéinlech Angelkonstruktioun a Beweegung: Dat gefält mir alles immens gutt!
Eng ganz gelonge Laangzäitbeliichtung!
Du hues d'Aangelen op déi richteg Platz fir mech Plazéiert, just een bëssen méi Platz ronderëm d'Aangelen hat ech mir gewënscht, zemol no ënnen da géing d'Opnahm nach méi Lëfteg wierken. An den Horizont mat enger méi déifer Perspektiv wier och e bëssen aus der Mëtt verschwonnen. Dynamik duerch Bewegung an den Aangelen keent ganz gutt eriwwer! Ups...ech hunn erëm ganz vill gemeckert!! Bei enger Opnahm di mir eigentlech ganz gutt gefält! Villäicht grad dofir...
Also Rosch dat nennen ech eng konstruktiv Kritik matt Verbesserungsvirschléi. Leider ass no ennen just nach Sand ze gesinn dovir hun sch se do gecropt. Hun nach eng oder zwou brauchbar Opnahmen vun der Angel, mol kucken op sch nach eng hei weisen. Merci vielmals )
Richteg flott, douce Faarwtéin, daat rouheg Gewässer duerch d'Laanzäitbelichtung am Kontrast mat enger Angel déi Bewegung an d'Spille brengt. Gefällt mir immens gud