Di éischt Foto rifft quasi no enger "Grunge"-Interpretatioun. Do gëtt ee förmléch an d'Waasser gezunn. Grujelech! Uuuaaahhh.
Bei der zweeter gefällt mir d'Dräierdeelung mineralesch, aquatesch a vegetalesch ganz gudd.
Di drëtt léisst méch lo éischter neutral.
Di véiert par conter gefällt mir neess ganz gudd, wéinst dem déiwe Standpunkt. An di fënneft fannen ech perséinléch am beschten, mais dat ass awer ganz op méch bezunn, well ech Fotoe mat Weeër drop immens gäre kucken a selwer och maachen. Keng Aanung virwat dat sou ass, mais ee Wee faszinéiert méch ëmmer.