Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Walspektakel

 
All Fotoen an dëser Serie:
38545 Thumbnail
38546 Thumbnail
38547 Thumbnail
38548 Thumbnail
38549 Thumbnail
Walspektakel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2013
  • Gekuckt:
    18993
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    august 13
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75060]
Kommentar vum Fotograf:
vun e puer Bockelwalen an arktesche Gewässer
svenia 24.09.2013 - 22:25
Ech kréien mech absolutt net saat gekuckt un dénge Fotoen... Fantastech!
mischii 24.09.2013 - 22:45
ma da sinn ech ganz frousmile
2x en décke Merci Svenia
MsJarryman 25.09.2013 - 00:03
Wonnerbar, déi Momenter, a nach emmer gi se ofgemetzelt. Island, iwwert 100 Finnwalen an e pur Méint. Als totalen Walfreak, sin ech ewech bei esou Biller. Super.
mischii 25.09.2013 - 14:51
Jo schued, de Bestand vun de Buckelwalen ass awer anscheinend am Gaang sech z'erhuelen
merci MsJarryman
Aiello 25.09.2013 - 19:07
Hun gedurcht, just Japaner gengen sech ned gin domader ?
mischii 25.09.2013 - 22:58
daat ka sinn, ech weess do net genau Bescheed, mee an Norwegen si se méi streng ginn, déi hu mëttlerweil e bessi bekätonguept ëm wat et geet!
Johny 25.09.2013 - 01:16
Herrlech smile Hues de och bëssen profitéiert fir ze filmen?
mischii 25.09.2013 - 14:52
Merci Johny,
nee, vu lauter Opreegung hun ech guer net un d'Filmen geduecht, ech kréien awer wahrscheinlech e klenge Film vun de Matreesenden
Johny 25.09.2013 - 16:08
Dat ass mir leider och oft sou gaang, an herno dann geduecht "Merde, hätt ech nëmme bëssen gefilmt" - oder ech hunn dru geduecht an da waren se awer scho méi wäit ewech. Mä egal, alleng dat sou ze erliewen ass schonn en absoluten Highlight smile
obskur 25.09.2013 - 09:52
Sou no derbäi!! villäit? closed_eye
Vir mech Nr.4.
mischii 25.09.2013 - 15:10
2x Merci obskur
Dach si ware ganz no a sinn ëmmer ënnert eisem Boot vun enger Säit op di aaner getaucht, mir konnten se baal heemelen
hei sinn d'Brennwäiten vun de Biller
1: 27mm
2: 70mm
3: 70mm
4: 70mm
5: 24mm
Déi véiert war e Moment wou mir all ganz ergraff waren. 4Stéck ware scho fortgeschwommen, wéi vun deenen 2 leschten een de Kapp sou erausgestreckt huet , wéi wann en eis nach wielt en Abschiedskuss schécken, duerno ass en oofgetaucht a fort waren se
icylady 25.09.2013 - 12:39
daat muss een wirklech beandrockend Schauspill gewierscht sinn
ganz flott ze kucken mischii smile
mischii 25.09.2013 - 15:12
Dat war et mat Secherheet, sou eppes hat och eisen erfuerenen Arktiskätongueten nach nie gesinn!
Merci icylady
gemu 25.09.2013 - 18:00
Iwerall wou een dobaussen kuckt: Walen, Walen, a Walen, mee deng Walen Michèle kënnen mech richteg begeeschteren, si hun jo och näischt mam Spektakel vum 20 Oktober ze din. Daat muss een Gefill gewierscht sin wann déi Kolossen do rondrëmm d'Boot plantschen, waat jo awer och net eou rieseg ass wéi ech op der 5. Foto gesinn
mischii 25.09.2013 - 23:07
Eis Wahlkandidaten si jo bei wäitem och keng sou Giganten bigsmile

Merci Georges, a jo eist Boot war iergendwéi eng kleng Nëssschuel mat 25 Leit Besatzung, an d'Walen hun eis schon e bessi geschaukelt, mee genau daat war interessant, an ech si frou op de Confort vun engem grousse Kreuzer verzicht ze hun
jorsch 26.09.2013 - 22:15
Wat en Erliefness! Schéin!
mischii 29.09.2013 - 17:47
dat war et, merci jorsch
Jeanny 27.09.2013 - 08:13
des hunn ech nach net gesinn Michèle, wat en Erliefness, herrlech Biller.
mischii 29.09.2013 - 17:47
ech dreemen nach ëmmer dervun, merci Jeanny
Frasigi 14.10.2013 - 11:45
Was für eine Begegnung! Deine Bilder bringen uns das Abenteuer klasse nah!!
mischii 14.10.2013 - 21:36
Es war ein Abenteuer der Extra-Klasse
Danke Sigi

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 356 Gäscht online