Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

arctic expedition

 
arctic expedition
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2013
  • Gekuckt:
    12148
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    594 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74873]
Kommentar vum Fotograf:
D'Zivilisatioun huet mech erëm , dës Kéier war et bis baal op den Nordpol gaang
éischt Impressioun vun enger eemoleger Expeditioun op engem Segelboot, der "Noorderlicht", rondëm Spitzbergen mam Hendryk Wolski, engem geniale Mënsch http://www.conceptsailing.org/biography.html

klick weg
Maimonides 12.09.2013 - 23:51
An nach immer keen Hotel, Michèle ?

Bed and Breakfast....


closed_eye
mischii 12.09.2013 - 23:59
mmh, deen do huet den islännesche Staat iwwerholl, an op Svalbard gëtt et e besse méi kritesch, do bleiwe just Trapperhütten, an d'Juegd op Walen an Äisbieren ass lo verbueden , Rendéier schmaacht awer ganz lecker smile
Jeanny 13.09.2013 - 06:27
schein dass de erem gesond a monter doheem ukomm bass Michèle
wat eng herrlech Landschaft a Foto.
mischii 13.09.2013 - 17:25
merci Jeanny, jo ech liewen nach, Äisbiiren hu mech net kritt bigsmile
Schluck 13.09.2013 - 07:56
Eng flott Äislandschaft, e fréen mech lo schon nach weider Biller vun do ze gesinn
svenia 13.09.2013 - 10:29
Idem!! smile ech hoffen ech packen et och eemol esou héich an de Norden!
mischii 13.09.2013 - 17:16
merci Dir 2,
@Schluck, et gëtt ganz sécher nach weider Biller!!! smile
Schluck 16.09.2013 - 17:02
Do fréeen ech mech lo schon drop an ech gesinn du hues schon ee puer flott Biller eropgelueden
mischii 16.09.2013 - 19:46
an ech hun der nach e puer Dausend surprised
Scyv76 13.09.2013 - 08:10
Fantastesch, an gudd Wieder has de och, ass jo net sou evident do.
mischii 13.09.2013 - 17:19
merci Scyv76 , beim Wieder hate mer am Fong alles :
Sonn, Reen, Schnéi an öfters mol eng déck Mutz voll Wand (e puer Stonne gratis Fouer)
gemu 13.09.2013 - 12:21
Impressionnant d'Landschaft, ech denken elo ass décke Betrieb an denger Donkelkummer a sinn gespaant op weider Biller, ech frée mech drop smile
mischii 13.09.2013 - 17:20
merci Georges, de Betrieb an der Dunkelkammer ass gewëss!!
obskur 13.09.2013 - 12:59
Schéin Landschaft mischi mat bloem Himmel, free mech och schon op d'Expeditioun an d'Antarktis (Südpol) déi dën 4 Januar 2014 zu Ushuaïa lass geet.smile
mischii 13.09.2013 - 17:23
merci obskur, ech mengen op d'Antarktis kanns Du dech riiseg freen, ass jo och méi secher, closed_eye
well besser Pinguinen , wéi Äisbiiren, déi um Bord op Dech waarden!!!
obskur 13.09.2013 - 19:35
An de Killerwal dé kann och geféierlich gin.!closed_eye
mischii 13.09.2013 - 20:11
tjo, mir haaten d'Buckelwalen, déi eng ganz Stonn rondëm d'Boot mat eis gespillt hunn, et war en Zirkusspektakel, d'Biller kommen nach.
obskur 13.09.2013 - 20:13
Free mech drop Michèle.smile
Miau 14.09.2013 - 10:18
Welcome home mischii, eng schèi Landschaftsopnam huest du do...
mischii 14.09.2013 - 11:48
merci Willy, et war megacool, ech wär gär nach bliwwen!
Jean-Jos 14.09.2013 - 13:48
Yes!
Ech freée mech op d'Ausstellung!
mischii 14.09.2013 - 14:48
merci Jean-Paul
jo, do hunn ech lo méi wéi genuch!!
jps 14.09.2013 - 16:15
Dat do Bild versprecht jo schon vill fir d'Fortsetzung closed_eye
Eng schéi Plage an keng Touristen bigsmile
mischii 14.09.2013 - 21:32
merci Jean -Paul, en Tourist do ze begéinen wär e Choc gewierscht!!
jorsch 14.09.2013 - 18:15
Flott Äislandschaft! Méi nordesch geet et jo bal net méi!
Sinn och gespaant op d'Suite!
mischii 14.09.2013 - 21:48
merci Jorsch, déi meescht Expeditiounen op den Nordpol si, vu Spitzbergen aus fortgaang, mat méi oder wéineger Verloscht, ënner haarde Conditiounen. Verschidden historesch Plaatzen hu mer gesin, an eisen Expeditiounsleader war do ganz bewandert dran, an huet eis Zwëschenduerch ganz interessant Viirträg gehaalen.
Et war e ganzt aktivt Erliewnes, wou een praktesch nie zur Rou komm ass, ech bereien et awer net derbei gewierscht ze sin!
Frasigi 17.09.2013 - 00:45
Wundervoll, diese Eislandschaft, die Farben, deine Aufnahme ... !!!
mischii 17.09.2013 - 00:52
Arktik pur, einfach zum Geniessen
Danke Sigi
JZ 21.09.2013 - 20:07
Meeega.
mischii 22.09.2013 - 00:22
merci John, daat freet mech elo!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 663 Gäscht online