Salut VeloBen. Perspektiv fannen ech Genial. Fotografen spigelen sech ganz flott am Chrom. Den ugeschnidden Pneu steiert mech net. No ritz wier et flott een bëssen méi ze gesinn. Do stoung awer bestëmmt schonn erëm een am Wee. Deng Foto gefält mir. Awer den Banding am Himmel an't Rauschen duerch Bea. Steiert een bëssen. Usp. Sorry wollt jo keng Konstruktiv Kritik méi schreiwen...Well se hei um Site net méi Akzeptéiert ginn. Hoffen dann dass du dat nach mech's!
Kritik ass emmer wellkomm bei mir keng Angscht. Sin schon eng Zeitchen hei um Site an hun keng Ego Problemer.
Jo effektif riets waren Lait déi gehënnert hun, wéi emmer bei esou Fotoen .
Du hues naatirlech Recht wann een et am Detail kuckt ass et wuhel des zevill des Gudden an der Bea. Ass notéiert !
Merci dass de mir dat elo net kromm heels! Dat Wuert Recht..hunn ech net gären...Fannen awer oft och keen anert. Ech sinn mol eng Zäitgen hei net méi sou Present well mir Konstruktiv Kritiken fehlen. An se och oft net Acceptéiert ginn. (net driwwer diskutéiert geet mä just ignoréiert geet) Eigentlech wollt ech hei eppes léieren an méin bescheident Wëssen och deelen. Et geschitt awer leider näischt an där Richtung.