Merci Laurent fir deng Meenung
Ech maachen oft eng kleng Serie aus der selwechter Foto. Wou een de Päiperlek an sengem natierlechen Ëmfeld gesäit. An och nach eng fir Detaile kennen ze gesinn.
Mam Kontraste do hunn ech mat verschiddenen Programmer an Méiglechkeeten ronderëmmer getourt an sinn bal verzweiwelt. Et geet leider net duer just un engem Regele ze dréien. An ech hunn se net besser hien kritt, fir Perlmutt Faarwen nach dran ze behalen. Ech muss nach vill léieren!! Ech freeën mech ëmmer iwwert deng Konstruktiv Kritik!! An probéieren nach drun ze schafen. Merci gesot Jacques!!
Déi ass dir rem super gelongen, fannen Faarwen an Kontrast héi aawer ganz gudd. Déi éicht ass mir vléicht just e bessi ze enk cadréiert, denken dass se nach besser wiir wanns de se am am carrée gemaach häss sou dass lenks an ennen nemlecht vill distanz téschent dem rand vun der foto an dem péiperléck iwwrech bliwwe wiir. Mee daat ass wéi emmer rem affaire de goût
Sou ass se vill besser Cadréier dat ass och eichter mäin Goût bei dëser. Ech hunn se nach eng Kéier nei missen verschaffen well se schonn gecropt war wei ech se veraarbecht hat. Lo ass mir e bëssen méi Kontrast dran gerutscht. Dann ass de Kontrast fir de Jacques an de Cadrage fir dech. Villmools Merci fir deng Konstruktiv Kritik Scyv76
Nach eng kéier Villmools Merci gesot Scyv76 fir deng Konstruktiv Kritik! Ech freeën mech ëmmer Immens wann ech eng kréien!!! Et ass méi einfach Klengegkeeten bei aneren Fotoen ze gesinn e wéi bei sengen eegenen. Een den dat net verdréit oder akzeptéiert ass fir mech hei feel op der Platz!!
ganz schéin Serie Roger
Déi 3. ass dann elo och fir mech
flott cadréiert,mat méi Kontrast gefält mir och vill besser
an extra schéin mat all deenen Drësen!
Méi Kare war do lo leider net dran fir de Still nach an den Eck ze kréien. Freet mech awer dass se der esou besser gefält, an ech fannen se jo och vill besser esou! Merci gesot Martine
Immens schéin, zart an delikat, mat deene villen Dadrëpsen!
An d'A gesäit och bal aus ewéi eng grouss Drëps!
Gefält mir immens gutt Conley, besonnesch do 3.
Ech war mir net sécher fir Foto iwwerhaapt erop ze lueden. Wéinst deem A. Gesäit een bëssen kënstlech aus. Ass awer héchstwahrscheinlech doduerch Dadrëpsen entstanen.
Ech hunn mech gefreet däin Komentar ze liesen. Merci gesot jorsch
Immens schéin Naturschauspiel vun engem ganz houffregen Weissling, daat doten kann jo eigentlech nëmmen e Weibchen sin waat sech esou mat Pärelen voll behangen virun Kamera poséiert. Grandios Opnaam Conley