Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

wind

 
wind
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2013
  • Gekuckt:
    24957
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.7 EV
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    571 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:14 15:00:51
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Minolta 50mm f/1.4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74217]
Kommentar vum Fotograf:
an déi lescht
nach ëmmer frou iwwer Kritik... ;)
MsJarryman 15.08.2013 - 21:24
Ech traue mer einfach elo emol ze soen, déi Doten fannen ech richteg gutt, well Aen an Hoer hu mer jo bal all, mee se esou eriwwrer ze brengen, do muss en drop kommen.
Silex 15.08.2013 - 21:30
Ganz flott! D'Kompositioun ass och ganz gelongen well d'Hoer den Bleck vum Aan bei de Mond féieren. An der Bea keint een d'Aan vlaicht en Tick méi rausschaffen/méi präsent machen.
Metalbambi 16.08.2013 - 00:02
Wat mengs de mat Aan méi rausschaffen? Méi hell well ech se net maachen well et dann ausgesäit wéi wann se blo wieren, wat net den Fall ass, an mat méi Kontrast passen se net méi an den Rescht vum Bild.
Silex 16.08.2013 - 08:46
Esou genau wees ech et och net confused . Mee ech fannen dass d'Hoer riets, doduerch dass se sou scharf sin, e bessen d'Opmierksamkeet vum Aan oflenken. Vlaicht kéint een eng Onschärft iwert d'Hoer leeen fir déi manner präsent ze machen oder dat Waisst vum Aan an den Reflet am Aan licht méi hell machen lokalen Kontrast.
Metalbambi 16.08.2013 - 10:48
Kay, verstinn wats de mengs. Kucken mol wat een do nach raus piddelen kann.
jorsch 15.08.2013 - 21:35
Portait ass net mäi Gebidd, dofir soen ech just datt se mir gefält!
Onkonventionnel awer immens flott!
MsJarryman 15.08.2013 - 21:36
Fir mech, déi Bescht vun Denger Serie.
MsJarryman 15.08.2013 - 21:54
Wat ech se méi kucken, wat ech se besser fannen. Fir mech, absolut TOP.



Jean-Jos 15.08.2013 - 22:14
Mech stéiert, datt d'Nues durech déng gewielte Blend esou ënnergeet.
Ansonsten agreablen a schéine Portrait (vun engem schéine Model).
Maimonides 15.08.2013 - 22:39
D' Anatomie stëmmt net, Jean-Jos.
Metalbambi 16.08.2013 - 00:05
Wat mengs de mat ënnergeet? Blend méi zou an méi Déiftenschäerft hätt enorm Déift an Dynamik bei den Hoer kascht.
Jean-Jos 16.08.2013 - 13:58
Mond an Aen sin op gläicher Héicht a schaarf, d'Nues, déi awer dominant am Gesiicht ass, ass schwammég.

Bei Blend 3,5 oder esouguer 4 z.B. wär d'Resultat wahrscheinlech nach ëmmer an déngem Sënn (ech hun dat elo mol mat Vergläichsfotoen, allerdéngs vun Orchideen probéiert, ech hat kee Model bäi Hand smile ), also ouni datt et zevill der' Déift an Dynamik' geschued hätt...
Hues de nët zoufälleg dat probéiert, et wär intressant de Verglach ze gesin.
Metalbambi 16.08.2013 - 14:35
D'Hoer fléien leider nëmmen 1 Kéier sou. closed_eye
Jean-Jos 16.08.2013 - 14:40
Dat ass och eng Äntwert smile
ToPo 16.08.2013 - 22:18
déi gereng Onschärft mecht d'Foto aus! Souguer mat Blend 3.2 oder 3.5 hät näischt geännert!
mischii 16.08.2013 - 02:36
Hei si just riets d'Hoer schaarf, eng zimmlech verzunn onschaarf Nues, an e Mond deen net gefällt, duerch d'Aan laafen d'Hoer, alles zevill verzunn a kee richtege Focus deen de Bléck op sech zéit
sorry, perséinlech gefällt dat mir net, d'Idi ass gudd, mee d'Schärft läit fir mech falsch
Metalbambi 16.08.2013 - 10:54
Säit wéini soll eng Nues an engem Portrait schäerf sinn????

Wat ech der hei gutt halen ass dat den Fokus net 100% läit, hätt en hallwen cm wäit no vir missten sinn. Mee wanns de sou Fotoen mëss ass et eng Saach vun Chance op all Detail 100% richteg gëtt (kënnt ni vir). Wat awer vill méi wichteg ass, ass dat den Moment stëmmt. D'Hoer sinn hei genau sou duerch d'gesiicht geflunn wéi ech dat gäeren gehat hätt, virun den Aan, virum Mond, virum ganzen Gesiicht ouni awer eppes ze verdecken. Da ginn ech gäeren den Kompromëss mat der Schäerft an.
Abacab 16.08.2013 - 05:48
Di Foto huet eppes.... a gefält mer esou wéi se elo ass ganz gutt!

(trotz de Makelen di hei opgezielt gi sinn)
(ass och fléit dowéinst closed_eye )
Phottos 16.08.2013 - 09:44
Also hier gibts mal gar nix zu kritisieren für mich.................GEIL !!!! Gruss Otto
ToPo 16.08.2013 - 22:16
Super déi dooten! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 328 Gäscht online