Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

feel.

 
feel.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2013
  • Gekuckt:
    12628
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1000x769
  • Späicherplaz:
    556 KB
  • Originaldatum:
    Fréijoer 2013
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74207]
Kommentar vum Fotograf:
Während enger Paus op engem Remake op der IAD vum Film "Hedwig And The Angry Inch"
Metalbambi 14.08.2013 - 21:24
Faul Sau!
Jean-Jos 14.08.2013 - 21:43
op d'Foto bezun oder de Fotograf? sceptical
mischii 14.08.2013 - 22:36
awer och fuerchtbar verauscht, verstinn hei näischt méi!!
soll daat elo eng gudd Foto sinn................???
oder eng Doku??
Mika 14.08.2013 - 23:56
Wéi de Bob soot, wäer Doku an an engem däischteren Raum geschoss - gefalen muss se dir nitt, ma da géing mech och interesséieren firwat smile Just wéinst dem Rauschen?
mischii 15.08.2013 - 12:31
nët nëmmen, mir setz de Guitarist och zevill an der Mëtt.
E bessi vun sengem Gesiicht kéint een awer och nach gesinn, perséinlech hun ech d'Impressioun, wéi wann en et géing verstoppen fir nët op d'Foto ze kommen
Metalbambi 14.08.2013 - 23:25
FotografIn closed_eye
Ech hat er schonn 1-2 Verbesserungsvirschléi gesot déi äiskal ignoréiert ginn sinn.

@mischii: ass Doku, dofir ass se och trotz dem Räuschen gutt.
Mika 14.08.2013 - 23:55
Déi Verbesserungsvirschléi sinn zur Kenntnis geholl ginn, awer ech wäer effektiv ze liddreg, den Computer dono rëm ze weesselen fir de Photoshop opzemäechen, mee du kruus jo eng Datei fir sëlwer drun ze bastelen bigsmile
MsJarryman 14.08.2013 - 22:47
Wou komme mer dann hin?
Mika 14.08.2013 - 23:55
Firwat?
Nicon07 15.08.2013 - 00:51
An der Läscht schreiwen ech jo net bal méi eppes zu Fotoen hei. Dat ass net grad eng luewenswärt Astellung als Member op photogen, mais mir feelt et meeschtesn un Inspiratioun, fir eppes Gescheites ze schreiwen, also soen ech léiwer näischt. Mais hei kommen ech awer elo net derlaanscht, eppes ze schreiwen, well di Foto méch irgendwéi unzitt, oprëselt, interesséiert. OK, et ass no Hallefnuecht an ech hun ee Coup de rouge intus, mais dat alleng ass et net. Di Foto fannen ech irgendwéi gudd, well se eben eng ganz Partie Dogme sprengt. D'Rauschen ass do, ... jo an? Et gouf mol eng Zäit, do krut een extra S/W-Filmer vu 1600 ISO ze kaafen, fir ebe grad vill Rauschen ze hun. A virwat soll dat dann elo hei op eemol net passen? Mais eent nom aaneren:
fir d'éischt di Saachen, déi mir net sou gefaalen: Do wär mol ganz einfach den Dekor, respektiv den Ausschnëtt. Ech si mir bewosst, datt een do net vill ännere kann, an deen Handlaaf an dat Gestell lénks op der Trap mol einfach sou fir d'Foto wech ze huelen. An de Guitarist huet séch och bestëmmt net en vue vun enger Foto do op d'Trap gesaat. Mais di zwee genannten Objekter stéieren fir méng Begrëffer hei, well se de Bléck unzéien ouni awer dem Bild dofir een extra message ze gin, et sief dann den Handlaaf verstärkt d'Diagonal, awer dann nëmme bedingt, wann iwwerhaapt. Ech fannen awer éischter, datt en de Muséker blockéiert an nach méi zesummendrékt.
Zweetens fannen ech et nët gléckléch, datt lénks zimmléch vill Requisite sin a rechts, wou de Bléck higeet, näischt ass. Dee Verstärker lénks ënne mécht Sënn an huet och séng Daseisberechtigung, mais en ass fir méng Begrëffer net genuch am Bild. Besser wier et, wann dee géing rechts ënnen am Eck stoen. (Ech betounen awer nach eemol, datt ech mir bewosst sin, datt een dat net sur place arrangéiere konnt, an dofir blenden ech déi Kritik och neess direkt aus)
Fazit: Wann et méigléch ass, d'Foto nach beschneiden: lénks, do wou dee Staf vun deem Gestell um Pallier steet, datt een deen net méi gesäit an uewe just ënnert dem Schied vum Handlaaf. Dat gëtt zwar enk, mais ech géif et allemol besser fannen, well et méi d'Attitude vum Guitarist betount, an näischt méi ronderem oflenkt.

Lo di positiv Aspekter: De Guitarist, dee voll konzentréiert übt, oder fir séch spillt a séch an eng Zort musikalesch Trance versetzt, kënnt ganz gudd riwwer hei. Ech gesin hei an der Foto dat, wat Psychologen ee Flow-Erliefnis nennen, also ee Bewosstsäinszoustand, wou ee sou dran opgeet, datt een alles ronderem séch vergësst. Dat kënnt hei besonnesch gudd raus, well een dem Muséker säi Gesiicht net gesäit an ee séch séing Gesiichtszich muss virstellen. Dofir si séng Fangeren awer betount durch di Kreesbewegung, déi aus sénger gekrëmter Positioun raus erfirgeet. De Bléck fänkt säi Wee um Kapp un, geet iwwert d'Schëller no lénks, deelt séch op a kuckt engersäits de Bauch vun der Guitar, aanerersäits di rechts Hand vum Muséker, wou den Domm séch zréckgezunn huet, fir een Toun sichen ze goen. De Rimm leed de Bléck weider op d'Grëffbried, wou awer och schon d'Spillhand weidergeleed huet op d'Akordegräifhand. An duerno geet de Bléck aus dem Bild rechts fort iwwert de Schied vum Guitarenhals an der Stëmmpalette. Di Foto hei ass fir méch eng Illustratioun vun der Entstehung vu Musék, ënnerstrach durch di quasi embryonal Haltung vum Guitarist, déi séch awer opdeet durch déi riicht Linn no rechts uewen a Liesrichtung vum Hals vun der Guitar. Et kéint een d'Form vun engem Schleek op de Personnage projezéieren, oder, fir d'Hifi-Spezialisten ënnert eis, eng Lautsprecherbox mat charakteristeschen Tweeter dra gesin.

Lo nach ee Wuert zum Rauschen: Ech perséinléch fannen dat Rauschen hei passend zum Sujet, et gëtt dem Bild eng gewëss Mystik, eppes Diffuses, wat bei déi unplugged Guitar passt. Et ass ee luest Bild, ouni scharf Téin, an dofir bréngt dat Rauschen eng Zort Sourdine (fir bei der Musék ze bleiwen) ran.

Lo hun ech bal 20 Minutten hei geschriwwen, an dobäi ëmmer neess di Foto gekuckt, a wat ech méch méi domadder befaasse, wat se mir ëmmer méi sympathesch gët. Bref: Si ass net perfekt, huet ouni Zweifel Mängel, iwwert déi ee maule kann, mais dat ass dat Normalst vun der Welt. Kee vun eis ka fir séch an Usproch huelen, jeemols eng Foto ouni Feeler gemaach ze hun. Gott sei Dank, iwwregens, well Perfektioun ass langweileg. Wat ech hei zréckbehaalen, ass d'Impressioun, datt di Foto hei schwätzt, an se méi ze soen huet, wéi ee bei engem iwwerflächleche Betruechte liese kann.
Abacab 15.08.2013 - 01:25
so mir de Numm vum Coup de rouge...well deen och onbedingt schmaachen closed_eye
Nicon07 15.08.2013 - 01:30
Duerf een dann hei Reklamm maachen?

Et ass ee biologeschen, deen mol net sou super ass. Medoc. smile Lo muss ech awer schloofe goen.

closed_eye
Abacab 15.08.2013 - 15:43
in vino veritas bigsmile
Maimonides 15.08.2013 - 23:14
Mir gefällt se, esou wi se ass, Mika.

http://www.youtube.com/watch?v=2ZmA8gsBxIg

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 430 Gäscht online