Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tagpfauenauge

 
All Fotoen an dëser Serie:
37767 Thumbnail
37769 Thumbnail
Tagpfauenauge
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.08.2013
  • Gekuckt:
    16619
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Originaldatum:
    10/08/2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Objektiv:
    Nikon 105mm
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:
Fräihand ouni Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=74127]
Kommentar vum Fotograf:
Tagpfauenauge um Päiperleksbam bei mir am Gaart.
Op fir all Kritik! Macro ass Neiland fir mech.
Schluck 11.08.2013 - 13:56
Dei 1. fannen ech am beschten ... geif se allerdengs an ee Carre croppen ...lenks just eng Grimmel an riets bis ee Steck hannert d'Blei
Abacab 11.08.2013 - 14:42
Merci Schluck!
Ass dat esou wéiste der dat geduecht hues?
Ech perséinlech ka mech nach net esou rischteg entscheeden zwëschen denen zwou Varianten.
Schluck 11.08.2013 - 16:09
Stemmt lo wou ech se sou gesiinn brauch se awer mei Raum wei een carre... sou oder sou .. ech fannen se immens flott mat dem rouden Hannergrond
Remes 11.08.2013 - 15:19
Ganz flott erwescht.
Abacab 12.08.2013 - 15:59
Merci Remes smile
BigVood 11.08.2013 - 21:41
Sinn erstaunt iwwert d'Déifteschäerft um Päiperlek, fir eng Fräihandopnam: wat fir eng Blend hues du do benotzt? Si lo erstaunt (am positive Sënn).
P.S. D'Foto ass och tip top, soss hätt ech lo net drop geklickt, fir all déi Detailer mir unzekucken.
Abacab 12.08.2013 - 16:09
Merci Laurent, Blend 6.3
Mat der Blend muss ech nach e bësschen exprimentéieren.
Mee fir dat ganzt ouni Stativ a Blëtz duerchgehend scharf ze kréien ass nit esou einfach smile
---> next challenge closed_eye

jorsch 11.08.2013 - 21:42
Flott Macro mat engem aussergewéinlechen HG. Façade?
Abacab 12.08.2013 - 16:22
Merci jorsch, jo den Hannergrond ass schonns aussergewéinlech.
Op déier Platz wou ech meng Schmetterlengsbäm stoen hunn, (hunn der 2 , e wäissen an en moofen) kann ech duerch liicht veränneren vum Blëckwënkel grondverschidden Hannergrënn kréien:
greng --> Heck
blo --> Himmel
weiss ---> Wolleken
Moof --> Lavendel
duerchenéen --> verschidden Blumenzorten
donkelrout ---> Minettssteen
deen vun deser Foto --> hölzen Fassade wou d'Sonn drop schéint a verschidden Orange, resp. Brongtéin widderspigelt.
Den Hannergrond ass em di 10 Meter vum Objet ewëch.

jorsch 13.08.2013 - 11:00
Do sinn ech paff: Du hues di zweet Päiperleksbeem jo fototechnesch optimal geplanzt! smile
Abacab 13.08.2013 - 12:48
Jo... an dat ganzt ouni ze wëssen dass ech se jemools géif als Fotomotivträger messbrauchen bigsmile
Jeanny 12.08.2013 - 06:39
ass dir ganz gutt gelongen Marc, gesinn et wie de Schluck
Abacab 12.08.2013 - 16:23
Merci Jeanny bigsmile
Scyv76 12.08.2013 - 17:24
Super Détailer am Péiperléck, onbedengt drop klicken smile Fannen den HG och super. An mir gefällt 16:9 versioun am béschten.
Abacab 12.08.2013 - 17:42
En decke Merci Scyv76 smile
och fir de Feedback mam 16:9 !
Conley 12.08.2013 - 23:28
Faarwen sinn wonnerbar. De Cadrage ass an der zweeter een bëssen ze eng. Een Päiperlek's Bam muss ech mir och mol uschafen closed_eye
Abacab 13.08.2013 - 12:39
Villmools Merci Conley smile
Also schaf der rouheg een un... an d'Päiperleken sinn der garantéiert.
En huet säin Numm wirklech net fir naischt, e setzt all Dag voll closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 472 Gäscht online