Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schlangenadler

 
Schlangenadler
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.08.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2013
  • Gekuckt:
    33534
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    420 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x1200
  • Späicherplaz:
    508 KB
  • Originaldatum:
    20.07.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 300mm f/2.8 II & Extender 1.4x
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74052]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Schlangenadler den ech an der Camargue geknippst hunn
Scyv76 06.08.2013 - 23:01
Fréck smile ass deen gudd gin ! Do léit d'Schärft aawer goldrichteg. Immens.
Schluck 06.08.2013 - 23:04
Merci gesoot, woar mer lo nët sëcher ob déi onscharf Patten nët géiffen stéieren an wollt se schon läschen ... hunn mol nach ee bëssen Kontrast beigesaat
Scyv76 07.08.2013 - 08:02
Ass nach besser esou mat dem erhéischten Kontrast. Daat mat den Patten stéiert guer net. Mat méi enger zouener Blend wiir deen onrouegen Hannergrond do méi zum Virschéin komm an daatt well een jo och net onbedengt smile
mischii 06.08.2013 - 23:04
Boah, do gëtt ee baal hypnotiséiert
Schluck 08.08.2013 - 15:36
Een duerchdregenden Bléck closed_eye
Scorpius 06.08.2013 - 23:08
Scheine Portrait (Y). fir mein geschmack as et mer deskeier just eng gretz ze scharf gin bei de Fiederen am Gesiit closed_eye
Schluck 08.08.2013 - 15:37
Jo stëmmt .. woar vläicht eng Grëtz zevill.. wann ech vill Loscht hunn aenneren ech ët nach
BigVood 06.08.2013 - 23:51
Do denken ech direkt "A view to a kill" bei deem Bléck.

Schluck 08.08.2013 - 15:38
Awer réicht no deems de drop geklickt has ? Pass ob . wann's de drop klicks gët se sou scharf dann fälls de ëm bigsmile
BigVood 08.08.2013 - 18:10
Traue mech net! surprised
micky-maus 07.08.2013 - 01:40
Ann daat ann freier Natur??? Schluck, all main Respekt! Ech Kriit esou Fotoen mol net am Zoo esou hinn...
Schluck 08.08.2013 - 15:39
Gesäit den do aus wéi wann den nët an fréier Natur geknippst ginn wier ? Ech woar ob mannst 10m eweg an déi Adleren do, déi sinn souwisou hallef Blann, den huet mech net gesinn mat menger klenger Knipps. tongue

Et mëscht d'Foto villeicht nët manner gutt, mais wann se an engem Zoo/Park wier, ass ët awer eppes annerscht vum Schwieregkeetsgrad hier .. oder ?
Charly_Ente 07.08.2013 - 14:20
wou hues de deen dann rem fonnt.... dat geet io guer net >.<
awer eng genial Foto ! bigsmile
Schluck 08.08.2013 - 15:40
Haha .. an der Camargue am Parc Ornithologique vum Pont de Gau .. jo kloer geet dat tongue
Charly_Ente 10.08.2013 - 15:56
ay ay ay bigsmile
hardae 07.08.2013 - 17:38
Den hat dech voll am An. De Schäerfpunkt vum Schlangenadler fannen ech ganz flott.
Schluck 08.08.2013 - 15:41
Jo, dat sees de schlau .. hunn ëm 3 Deeg laang schéin geschwaat dass ën sech nët soll direkt ënnert säin Baam verzéien an mech och mat béiden Aaen unkuckt.
jorsch 07.08.2013 - 19:50
En immense Kapp! An dann déi Aen!!!
( Gutt datt en dech net mat enger Schlaang verwiesselt huet! )

D'Foto gefält mir immens gutt, well d'Schäerft grad op deene schaarfen Aen läit, déi dann och nach giel liichten!
Schluck 08.08.2013 - 15:42
Merci jorsch, jo ass een immens schéinen an fascinanten Vull. Ech hät ën léiwer ganz scharf gehaat, mais ass awer lo am nachhineien och genau sou guut
jorsch 09.08.2013 - 09:47
Fannen et flott datt just de Kapp schaarf ass!
Jeanny 07.08.2013 - 20:03
einfach immens flott
Schluck 08.08.2013 - 15:43
Merci Jeanny .. dat freet
MARSIPU 08.08.2013 - 01:26
oh kre non dijö stark
Schluck 08.08.2013 - 15:43
Merci Mars ... wéi ass et mat den Fiessercher ?
MARSIPU 14.08.2013 - 00:55
majo nëtt déck, ech lossen se dësst joer an rou soss gin se eröm vergëfft ewéi dat lescht joer
Abacab 08.08.2013 - 16:13
E béise Blëck an e schéint Déier.
Fannen de Schärfteverlaf och gutt, dee fokusséiert esou schéin op di fesselnd Adleraan closed_eye
Schluck 08.08.2013 - 16:59
Merci Marc, merci fir den Tipp mat den zwou Softboxen .. du gesäis .. ët wierkt closed_eye
Abacab 08.08.2013 - 17:11
Ech wollt dech net verroden ewéi Anerer dat maachen ...
mee den Trick mam héigen Iso ass TOP !
bigsmile bigsmile
Schluck 08.08.2013 - 17:46
Ass jo souwisou dat selwescht bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 381 Gäscht online