Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

fishing octopus

 
 fishing octopus
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (25.06.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2013
  • Gekuckt:
    19249
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1100x734
  • Späicherplaz:
    416 KB
  • Originaldatum:
    2013:06:24 11:51:40
  • Fotoapparat:
    NIKON D800E
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    16-35G F4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73259]
Kommentar vum Fotograf:
Bei Ebbe konnt een iwwert d'Riff 2km eran bis dann en 2ten Strand koum. Hoffen ech hunn se net vermurkst mat zevill verschaffen?
gi87 24.06.2013 - 13:48
Schein mat da Deiwteschärf hei gespillt, de Kadrage ass och gud gewielt an farwen Harmoneieren zusech selwer och ganz gud !
suraki 24.06.2013 - 14:09
ech selwer, .... et wärten sech der awer elo nach mellen déi net mat mer anferstaane sinn an dat ass och gutt esou, ... gesinn et e bessen anechters, nix Déifteschäeft , dat ass eng Vignette déi nodréiglech dragemach gouf .... de Krées geséit en vill ze vill, ouni wär se fir mech richteg gutt. Ewéi séet de Marc esou oft hei .... du hues se futtigefiltert .Fir mech ass se futtivignettéiert gin , ass awer nemme meng perséinlech Meenung smile
Metalbambi 24.06.2013 - 15:12
Muss dem Ed hei Rescht ginn, ouni déi Vignette giff se besser wierken. Mat enger oppener Blend häss de den Fëscher vill méi flott fräigestallt kritt!
suraki 24.06.2013 - 15:48
d'Bild ass esou flott dat et interessant wär eng aner Versioun ze gesinn smile
gi87 24.06.2013 - 15:59
Okay, den Ed heut hei rescht smile Esh mengen hun dat am Gesamten mei beurdeelt, awa gesin elo den Effet mat mei anneren Aen.. Merci vir Opmiksam machen Ed !
Keup 25.06.2013 - 12:33
Merci gi87 , Metalbambi an Suraki.

Ech wees daess se mat oppener Blend besser gin wier mee et war net méigelech durch den Weitwénkel deen ech drop hat ;-(
Metalbambi 25.06.2013 - 18:11
Dat muss de mer awer lo erkläeren wisou's de mam WW keng oppen Blend benotzen kanns???
Keup 25.06.2013 - 18:38
Kanns se benotzen mä bréngt neicht ausser méi Luucht.
Bei engem 21mm 1,4 kéins de bëssen mat Déiftenschärft spillen mee sou eppes ass mer ze daier.
Abacab 24.06.2013 - 15:21
Et ass u sech eng super Foto...
Géif se och léiwer ouni di agepinselt Déifteschärft gesinn, well et ewéi den Suraki geschriwen huet zevill onnatirlech ausgeséit, zumol duerch dat blot an der Onschärft.

Keup 25.06.2013 - 12:30
Merci Abacab,

Hmmmmm mat der Onschärft sin ech onsécher mee ouni déi ass d'Foto awer och neicht menger Meenung no.

Abacab 25.06.2013 - 14:34
Jo, wat eigentlech d'Foto wirklech ganz flott mecht ass den Tunnel an dem de Fëscher sech bewegt.
Dat wat ech mengen ass och net d'Onschärft selwer, mee den Iwwergang vun der Onschärft, deen een méi duuss kéint maachen. Fir mech huet des Foto op alle Fall WF-Potenzial!
Keup 25.06.2013 - 18:36
Ech probéieren se ze verbesseren closed_eye
Abacab 26.06.2013 - 17:59
Yes! Dat ass et... an nach e Fav. dobäi closed_eye
Keup 27.06.2013 - 10:17
Merci fir den Fav an déng Ennerstétzung

closed_eye
m-otiv 24.06.2013 - 19:01
Daat ass Konscht
suraki 24.06.2013 - 19:03
ok, komm mer diskutéieren dann iwwert Konscht
... an Schréipsen an de Biller bigsmile
Vito , ech vergonnen dem Keup voll a ganz wann d'Bild sech als Wochefoto duech setzt .... well ech elo hei haart soen smile
Keup 25.06.2013 - 12:14
Villmols merci m-otiv closed_eye


@ suraki
Nee Wochenfoto gett se sécher net an muss et och net.

ech wollt bessen den Effekt durstellen vun engem Lensbaby oder aler Lomo mat Weitwénkel well dat mech emmer bessen un en Feschbléck erennert an hat geduet et géing hei passen.

Villeicht sin ech bessen ze weit gaangen mee ween net probéiert deen bleiwt jo op der plaatz stoen.

Merci fir déng Kritik closed_eye

suraki 25.06.2013 - 13:54
wéit gangen ? nee fir mech net ... wou kann en sooss probéiere wa net hei ?
dat dann den een oder anere seet, dat fannen ech net gut, tjo dat ass an engem Forum esou .... an dat ass och gut smile

ech erennere mech emmer un eng Foto vom Klecks , rout an orange ... déi ech onméigelech fonnt hun, elo nodréiglech ass et fir mech emmer nach keng Wochefoto .... mä se gefellt mer awer wëll gut ;)

esou séier ännert en (ech enneranerem) d' M eenung smile

ok kucke mer déi Bild dann an engem Joer nach emol un bigsmile

Keup 25.06.2013 - 19:07
merci suraki closed_eye Ech murksen mol un enger 2ter Versioun an hoffen se fällt dann bessen besser closed_eye

Natiirlech ass all Kritik gudd soss géif ech jo nie eppe beiléieren an net erausfannen waat meng bescht sin fir op mein Site closed_eye

Komm an engem Joer roueg erem closed_eye
suraki 25.06.2013 - 19:08
ech maachen e Kräiz op de Kalenner hehe smile)
Keup 25.06.2013 - 19:12
wanns de et vergess dann gëtt en Patt closed_eye
suraki 25.06.2013 - 19:25
du wärst dech wonneren ... d'steet a mengem Kalenner closed_eye
Keup 25.06.2013 - 19:28
sin gespaant an méngem och closed_eye
p-foto 25.06.2013 - 11:08
Einfach super !!
Keup 25.06.2013 - 12:11
ty p-foto closed_eye
m-otiv 25.06.2013 - 21:30
loss se esou wéi se ass!!! daat enzeg waat mech hei stéiert ass dass se net vun Mir ass...an Ech mengen et geet villen esou smile
Keup 25.06.2013 - 21:35
Ty m-otiv closed_eye

Hunn se minimal beim Waasser ënnen corrigéiert mä well se net komplett freckt man well se mer selwer awer net schlecht gefält an well ech op däin Uerteel schon zimlech vill Wäert leen.
Schluck 25.06.2013 - 22:03
Fannen se lo besser, wat mech bei der eischter am meschten irritéiert huet ass dass den Schärftenverlaaf an eng anner Richtung gang ass ewéi den Fëscher .. hei ass dat lo nët méi sou krass. D'Motiv an d'Téinung fannen ech awer immens flott
Keup 27.06.2013 - 13:38
TY Schluck closed_eye

Freet mech daess ech den Iwwergang elo bessen gerett hun.
gemu 26.06.2013 - 09:18
Fannen déi nei Verioun och vill besser, et mengt een et misst een hannendrun trëtonguepelen. Eng gewoten awer richteg flott Bea an super Foto
Keup 27.06.2013 - 10:11
TY gemu closed_eye

Ech sin jo och hannendrun getreppel, an et freet mech daess ech den Moment kann iergendwéi deelen.
Metalbambi 27.06.2013 - 00:59
Hmm, gefält mer éierlech gesot nach net ëmmer net sou ganz. Virun allem bei den Féiss ass den Iwwergang schäerf/onschäerf ze onnatierlech, gesäit lo schonn bal dranmontéiert aus. An wanns de manner Onschäerft mëss? Also quasi just eng Vignette als Mask benotzen an net grad sou wäit an d'Bild ran wéi bei der éischter Versioun? Se einfach sou ze weisen wéi se ass kréien mer der jo souwisou net méi an den Kapp gesat. smile
Keup 27.06.2013 - 10:17
Ech respektéieren déng Meenung an ech kréien mengen ech keng Photo sou hin daess se jidderengem gefällt.

Hun se verbessert an fir mech ass se sou ok well wann ech nach méi fummelen dann ass se net méi wéi ech se well an iergendwéi gudd fannen. Merci fir déng Ideen an villeicht gefällt der jo meng next Photo besser dann ween weess.

Den Raw bleiwt nemm um Harddisk well en ass net gudd genug fir ze weisen.

Merci Metalbambi
Metalbambi 27.06.2013 - 10:28
Hat éischter d'Foto just ouni d'Onschäerft gemengt. Dat's de keen RAW weis ass schonn kloer. tongue
Keup 27.06.2013 - 10:41
Hun se direkt diffus gemeet an duerno d'Fuerwen.

Hun just déi doten an den Raw closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 404 Gäscht online