Ech fannen déi doen mega, schon alleng vum Ausdrock an der Stemmung hir.
Ech war lo mol réischt an Deng Gallerie kukken an stellen fest dass Du vill Fotoen vun menger "Lieblingsstaat" Montreal hei rop lueds. Ech war zwar schon laang net méi do, mee et war emmer schéin.
Komm, dajee, breng eis eng vun engem Chipmunk vum Mont Royal !
Merci!
Ech hat en Joer op der McGill studeiert, dofir dei vill Fotoen vun Montreal. Fannen et och super Staadt, ganz interessant an liewen leisst et sech och gudd.
Ganz ganz flott. Wonnert mech dat hei sou weinech Leit eppes geschriwwen hunn. Den éischten schwaarz wäiss color high key den ech sou gesinn hunn an den wei ech fannen och super intressant ass. Schéin harmonesch fill Stëmmung an Plaatz fir ze dreemen. Schéin.