Woooohooo, dat freet mech mega Oli, dat dir dei gefalen, dat ass wei een stormtrooper eng beförderung vum darth vader krett, wei vum kineg zum ritter geschloe gin, an wei vum picasso een kompliment gesoot zekreien ... Jo mat der belichtung gin ech der rescht, mee ech hun leider keen reflektor : /
Daat mecht nix, als MacGyver Reflektor kanns de der z.b. am Hela oder Batiself sou Styropore-Plafongverkleedungen siche goen, déi kriss de am quadrateschen Format, kaschten quasi guer naischt, sin waiss a reflektéieren net schlecht. Bon ok, se sin net sou pro wéi aneres, mee wann et drems geet opzehellen vun ennen z.b., dann gin déi, clever agesat, ganz gudd duer fier den Ufank.
Ech schléuse mech dem Oli un, ech fannen se och méi wéi gelongen! Keep 'em coming!
jup, wei den Ralph seet, Styropor mecht daat supergudd (haaten der och beim Zombie-Dréi um Set nee? ausser dass dSonn gefehlt huet an et geschneit huet xD) - an mir keinten eis enka zesummensetzen an vlaicht eppes flexibeles aus enger Rettungsdecken bastelen...déi reflekteiren och, an hunn den firdeel dass een se zesummenfaalen kann (et brauch een just eng Rumm fir se drop ze spannen)
An, dann brauchs de een Assisst den der daat unhällt, an den hun ech selwer och net emmer zur Hand...muss also sou goen, oder eben mam Bletz bessi helefen...
--> keep 'em coming, INDEED! lo wousde deng Draamkamera hoss!!
Ajo stemmt, mä hat leider keng Zäit mer sou eppes nach ze besuergen
An déi Saach mam Assistent ass leider net ëmmer sou einfach een ze fannen, deen och Zäit an Loscht huet dat ze maachen, ausser et huet een zwee Models, dann kann déi eng mat Hand ulehen. : )
Majo ech senn deck begeeschtert vun der Kamera Merci Oli! : )